Bootes (Stärebild)
Date vum Stärebild Bootes | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Bierenhidder |
Laténgeschen Numm | Bootes |
Laténgesche Geenitiv | Bootis |
Laténgesch Ofkierzung | (Boo)
|
Positioun | Nërdleche Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 13h 35m bis 15h 50m |
Deklinatioun | +8° bis +55° |
Fläch | 907 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 50°Süd |
Beschten Observatiounszäitraum | Fréijoer |
Stärenzuel mat Gréisst < 3m |
3 |
Hellste Stär, Gréisst |
Arcturus, Arcturus (α Boötis), -0,04m |
Meteorstréim | Quadrantiden, Juni-Bootiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Draco (Dra) Ursa Major (UMa) Coma Berenices (Com) Virgo (Vir) Libra (Lib) Serpens (Ser) Corona Borealis (CrB) Hercules (Her) |
De Bierenhidder (laténgesch Bootes) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.
Beschreiwung
ännerenDe Bootes ass en opfällegt Stärebild um Fréijoershimmel. Seng Figur erënnert un e Kannerdrach oder eng grouss Glassentut.
E steet tëscht dem Hercules an der Virgo. Fir en ze fanne kann e sech um Grousse Won (Ursa Major) orientéieren. Wann een de Bou vun den Täisselstäre verlängert, kënnt e bei den opfällege roudelzegen Arcturus, den hellste Stär am Bootes.
Geschicht
ännerenDe Bootes gehéiert zu den 48 Stärebiller vun der anticker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.
Den Numm Bootes leet sech aus dem algriicheschen of a bedeit eigentlech Ochsendreiwer oder Stéierdreiwer.
Meteorstréim
ännerenAm Bootes läit de Radiant vun de Quadrantiden, engem Meteorstroum, deen all Joer ëm den 3. Januar säi Maximum huet. Da kënnen 40 bis 200 Meteore pro Stonn observéiert ginn.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Numm o. aner Bezeechnungen | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 16 | Arcturus, Arktur, Haris el sema | -0,04 | -0,31 | 36,7 | K2 III |
ε | 36 | Izar, Mirak, Pulcherrima | 2,35 | -1,69 | 210 | K0 II + A2 V |
η | 8 | Muphrid | 2,68 | 2,41 | 37 | G0 IV |
γ | 27 | Ceginus, Seginus, Haris | 3,03 | 0,96 | 85 | A7 III |
δ | 49 | 3,46 | 0,69 | 117 | G8 III | |
β | 42 | Nekkar, Nakkar, Meres | 3,49 | -0,64 | 148 | G8 III |
ρ | 25 | 3,57 | 0,27 | 149 | K3 III | |
ζ | 30 | 3,78 | ||||
θ | 23 | Asellus Primus | 4,04 | 47 | F7 V | |
υ | 4 | 4,05 | ||||
λ | 19 | 4,18 | ||||
μ | 51 | Alkalurops, Inkalunis, Clava, Venabulum | 4,31 | 120 | ||
σ | 28 | 4,47 | ||||
π1 | 29 | 4,49 | ||||
τ | 49 | 4,50 | ||||
ψ | 43 | 4,52 | ||||
κ | 17 | Asellus Tertius | 4,54 | 155 | A8 IV + A5 | |
ξ | 37 | 4,54 | ||||
ο | 35 | 4,60 | ||||
ι | 21 | Asellus Secundus | 4,75 | 97 | A9 V + A2 | |
ω | 41 | 4,80 | ||||
A | 4,80 | |||||
d | 12 | 4,82 | ||||
i | 44 | 4,83 | ||||
e | 6 | 4,92 | ||||
c | 45 | 4,93 | ||||
ν2 | 53 | 4,98 | ||||
ν1 | 53 | 5,04 | ||||
φ | 54 | Ceginus | 5,25 | |||
38 | Merga, Marrha, Falx Italica | 5,79 | 153 | F7 IV |
Den Arcturus (α Bootis) ass den hellste Stär vum Nordhimmel an deen drëtthellste Stär, deen een um Himmel ka gesinn. Et ass e Roude Ris Spektralklass K2 a läit op enger Distanz vu 36 Liichtjoer. Hien huet den 30fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Mat enger Distanz vu 36,7 Liichtjoer ass hien dee notste Risestär. Seng héich Eegebeweegung vun 2,28 Bousekonne pro Joer gouf vum Astronom Edmond Halley entdeckt.
Den Numm Arcturus leet sech aus dem Arabeschen of a bedeit sou vill wéi „Jeeër deen d'Bierin am A behält“. Den arabeschen Numm Haris el sema bedeit „Herrscher vum Himmel“.
D'Stären θ ι an κ Bootis droen d'laténgesch Nimm Asellus Primus, Secundus an Tertius, wat éischten, zweeten an drëtten Iesel heescht.
System | m | Ofstand |
---|---|---|
ε | 2,5 / 4,9 | 2,8" |
&delta: | 3,5 / 7,8 | 105" |
η | 4,3 / 7,1 / 7,8 | 108" |
ζ | 4,5 / 4,6 | 0,7" |
κ2 | 4,5 / 6,7 | 13,6" |
ξ | 4,7 / 7,0 | 6,0" |
ι | 4,8 / 7,7 | 38,5" |
π | 4,9 / 5,8 | 5,5" |
ξ | 4,8 / 6,9 | 6,6" |
ν | 4,98 / 5,04 | 14' |
44 | 5,1 / 7,0 | 2,2" |
39 | 6,2 / 6,8 | 2,8" |
Am Bootes fënnt een eng ganz Rei vu Méifachstären.
Den ε Bootis ass en Duebelstär op enger Distanz vun 150 Liichtjoer. Am Teleskop gesäit een en déifgielen, helle Stär, dee vun engem bloelzege Stär begleet gëtt. Dësen Duebelstärsystem gëtt dacks als ee vun deene schéinste bezeechent.
Den arabeschen Numm Izar bedeit „Ceinture“, de laténgeschen Numm Pulcherrima déi „Wonnerschéin“.
De η Bootis ass en Dräifachsystem op enger Distanz vu 55 Liichtjoer. Den ι Bootis ass en Dräifachsystem op enger Distanz vun 100 Liichtjoer vun eiser Äerd. Déi zwéin hellst Stäre kënne mat engem Teleskop an Eenzelstären opgeléist ginn. Dee liichtschwaache Begleeder ass och nach e verännerleche Stär.
De Stär ν1 an de ν2 Bootis stinn mat 14 Bouminutte sowäit auserneen, datt si scho mat bloussem A getrennt kënne ginn.
Verännerlech Stären
ännerenObjet | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
W | 4,7 bis 5,4 | 30 bis 450 Deeg | Hallefreegelméisseg Verännerlechen |
ι | 6,5 bis 7,1 | 0,2678 Deeg | Bedeckungsverännerlechen |
De W Bootis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär op enger Distanz vu 400 Liichtjoer. Seng Hellegkeet schwankt an engem Zäitraum vun 30 bis 450 Deeg tëscht 4,7 an 5,4m.
De ι Bootis ass e bedeckungsverännerleche Stär vum Typ Beta-Lyrae. Dat sinn enk Duebelstäresystemer an enger Fréiphas vun hirer Entwécklung, bei deem de Gas vun engem opgeblosenen Haaptstär op d'Akkretiounsscheif vun engem Begleetstär stréimt an dee periodesch verdonkelt.
Messier (M) | NGC | divers | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
5466 | 8,0 | Kugelstärekoup | |||
5966 | 12,2 | Galaxie |
D'Stärebild Bootes huet nëmme wéineg opfälleg Stärekéip, Gasniwwel oder Galaxien.
Den NGC 5466 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vu 50.000 Liichtjoer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Botes – Biller, Videoen oder Audiodateien |