D'visuell Magnitude vun engem Himmelskierper ass d'Mooss vu senger Hellegkeet wéi se vun engem Observateur vun der Äerd aus gesi gëtt, normaliséiert op de Wäert, wéi wann d'Atmosphär net do wier.

An der Astronomie gëtt fir d'visuell Magnitude d'Schreifweis z. B. 3,0m oder 30 oder 3,0 mag oder m = 3,0 mag benotzt, woubäi de klengen héichgestallten 'm' fir magnitudo (Gréisst) steet.

D'visuell Magnitude ass staark ofhängeg vun der Distanz vum Observateur zum Himmelskierper respektiv vun der Äerd zum Himmelskierper. Eng Gréisst déi vun der Distanz onofhängeg ass, ass d'Absolut Magnitude.

Wat en Objet méi hell ze si schéngt, wat de Wäert vu senger Magnitude méi kleng ass.

Definitioun änneren

No dem Norman Robert Pogson ass d'Verhältnes vun der Hellegkeet vun der Klass m zu der Hellegkeet vun de Klass (m+1) definéiert als:

 

Wann een eng gewielte Flossdicht F0 an d'Gréissteklass 0 setzt, dann ergëtt sech doraus d'Gréissteklass m vun engem Objet mat der Flossdicht F:

 

Miessung a Geschicht änneren

Schonn an der griichescher Antiquitéit deelt den Astronom Hipparchos déi Stären, déi e mat bloussem A gesi kann, graff a sechs Gréissteklassen an, woubäi deene 15 hellste Stären déi 1. Gréisst zougewise gouf. Stäre bis zur 3. Gréisst gëtt et der ronn 150, bis zu der 6. Gréisst schonn 5.000. Ëm d'Joer 1800 vergréisseren d'Astronomen déi Skala no béid Säiten a féieren eng dezimal Ënnerdeelung an, wat mat dem Ufank vun der Photometrie zesummefält.

D'Fixstäre Sirius a Canopus souwéi dräi hell Planéiten hunn an där Hellegkeetsskala negativ Wäerter (-1 bis -4,4 mag). De Stär Vega (Stärebild Lyra)(Leier) huet m = 0 mag.

A verschiddene groussen Teleskope kann een och nach Stäre vun der 10. bis 20. Gréisst kucken. D'visuell Magnitude vun deene schwaache Stären, déi e Lënsen- oder Spigelteleskop grad nach erkenne léisst, definéiert d'Grenzgréisst vun deem Observatiounsgeschir.

D'visuell Magnitude hänkt souwuel vun der Liichtkraaft vum Himmelskierper wéi och vu senger Distanz zur Äerd of. Sou schéngt de Mound wéinst senger Distanz zu der Äerd méi hell ze sinn, wéi Stären, déi wäit ewech sinn, obwuel hir Liichtkraaft milliardefach méi staark ass.

D'Magnitude- respektiv Hellegkeets-Skala ass logarithmesch, well nom Weber-Fechner-Gesetz bal all Sënnesgefill vum Mënsch, an och vun de meeschten Déieren, proportionell zum Logarithmus vum Charme ass. En Hellegkeetsënnerscheed vun 1 : 100 entsprécht heibäi engem Ënnerscheed vu fënnef Gréissteklassen.

Physikalesch ass d'Hellegkeetsskala duerch d'Energie vum Liicht dat afält definéiert (Bolometresch Hellegkeet). Wann m d'Magnituden an s déi gemoosse Stralungsstréim vun zwéi Stäre sinn, gëllt fir hiren Hellegkeetsënnerscheed

 

Fir Δ m = 1 entsprécht dat engem Verhältnes vun der Liichtenergie vun 1 : 2,512 respektiv engem Logarithmus vun 0,4.

Als Referenz vun där u sech relativer Skala déngt de Stär Vega, deem seng Hellegkeet mat der Magnitude null festgesat ass. Ausserdeem sinn all seng photometresch Faarwen och mat Null definéiert.

Fréier gouf d'Skala nom Polarstär mat 2,1 mag ausgeriicht, bis bemierkt gouf, datt deem seng Hellegkeet liicht variéiert.

Visuell Magnitude vun e puer Himmelskierper änneren

Himmelskierper Typ Magnitude
Sonn Stär -26,8 mag
Mound Mound -12,5 mag
Venus Planéit -4,4 mag
Mars Planéit -2,8 mag
Jupiter Planéit -2,8 mag
Sirius Stär -1,4 mag
Canopus Stär -0,73 mag
Saturn Planéit -0,192 mag
Vega Stär 0,00 mag
(def.)
Polarstär Stär 2,0 mag
Uranus Planéit 5,5 mag
Neptun Planéit 7,8 mag
Pluto Zwergplanéit 14,0 mag

D'visuell Magnitude vun der Sonn, eisem Mound an de Planéiten ëm eis Sonn ännert wéinst hiren ënner anerem grousse variabelen Distanzen zur Äerd. D'Äerd an d'Planéiten hunn elliptesch Ëmlafbunnen ëm d'Sonn. De Mound leeft och ëm d'Äerd op enger elliptescher Ëmlafbunn. Nach méi staark gëtt d'Magnitude vum Mound vu senge Phase beaflosst.

Aner Objeten änneren

Nieft de klasseschen Himmelsobjete gëtt et och e puer weider Objeten, déi nëmme kuerzzäiteg opfälleg virkommen an oder nëmmen op verschiddene Plazen op der Äerd kënne gesi ginn. Si kënne souguer d'Hellegkeet vun der Venus iwwertreffen.

Objet Ursaach Maximal méiglech Magnitude
Meteor Deelecher ginn an der Atmosphär un d'Liichte bruecht -23 mag (Boliden)[1]
Koméit Widderschäi vum Sonneliicht um Schwanz vum Koméit -17 mag
Grousse Septemberkoméit
Koméit Ikeya-Seki
Kënschtleche Satellit Widderschäi vum Sonneliicht (Iridium-Flare) -9 mag Iridium-Satelitten
-2 mag International Raumstatioun
Supernova-Explosioun Stënterlecht Ofgi vun Energie -7,5 mag

Bedeitung änneren

Mat bloussem A kann ee bei guddem Wieder Stäre bis zu der sechster Gréissteklass erkennen. Mat der Spektiv bis bal zur néngter Gréissteklass. Déi gréisst terrestresch Teleskope kënne mat empfindlechen CCD-Sensoren nach Objete mat enger Magnitude vu 25 bis 30 opzeechnen.

D'Instrumentekapazitéit vum Hubble-Weltraumteleskop geet bis zu de Stäre vun der 31. Gréissteklass, wat enger klenger Käerz um Mound entsprécht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Der Bolide über Lugo am 19. Januar 1993