Den Thuban (arab. ثعبان ṯuʿbān "Basilisk") ass de Stär α (Alpha) Draconis am Stärebild Draco. Den Thuban gehéiert zu der Spektralklass A0 an huet eng visuell Magnitude vu +3,1 mag. Den Thuban läit zirka 300 Liichtjoer vun der Äerd ewech. 2800 v. Chr. hat den Thuban als Polarstär gedéngt, fir d'Bestëmmung vum nërdlechen Himmelspol. Well d'Äerdachs am Raum net ganz stabil ass, mä eng lues Kreeselbeweegung, déi sougenannt Prezessioun mécht, verréckelt sech Positioun vum Himmelspol lues a lues. Doduerch kënnen am Laf vun der Zäit aner Stären d'Funktioun vum Polarstär iwwerhuelen.

Kaart vum Stärebild Draco
Kaart vum Stärebild Draco

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie