Meteorstroum

(Virugeleet vu(n) Meteorstréim)

Nieft eenzele sporadesche Meteore gëtt et Meteorstréim (och Meteoreschauer oder Stäreschnäizeschwäerm, och dacks falsch Meteoritteschauer genannt). Si sinn eng Heefung vu Stäreschnäizen zu gewësse Joreszäiten, deene hir Bunne parallel am Raum verlafen. Eng méi korrekt Bezeechnung wier Meteoroidestroum, déi awer net aktuell ass.

Meteorstroum vun den Alpha-Monocerotiden 1995

Entstoe vu Meteoreschwäerm

änneren

Stäreschnäizen- oder Meteorestréim kënnen entstoen, wann d'Äerd op hirem Laf ronderëm d'Sonn an d'Géigend vun enger Koméitebunn kënnt oder se kräizt. Um Sonneperihel verléieren d'Koméiten andauerend Deeler vun hirer Mass a Form vu Gas a Stëbs (Koméiteschwäif), vu Gestengs- an anere klenge Stécker, déi ee Meteoroide nennt. Si verdeele sech am Laf vun de Joerdausenden iwwer déi ganz Koméitebunn. Doduerch kommen all Joer déi selwecht Meteorstréim op der selwechter Plaz an Zäit fir, wann d'Äerd de Beräich vun dëser Matièrewollek duerchflitt. D'Stäerkt vun enger Meteorschauer gëtt als Zenithal Hourly Rate (ZHR) festgehalen; si ass déi Zuel vu Meteore, déi an enger Stonn ënner Idealbedéngungen ze gesi sinn.

Zäitlech Variatioun vun de Meteoren an hirem Radiant

änneren

Am Reegelfall sinn déi meescht Stäreschnäizen an de fréie Mueresstonnen am Oste knapps virun der Mueresdämmerung ze gesinn, well sech den Observer dann duerch d'Äerdrotatioun hinnen "entgéintdréit".

All d'Stäreschnäize vun enger Meteorschauer schénge vum selwechte Punkt am Himmel ze kommen, dem Radiant. Den Numm vun der Meteorschauer gëtt meeschtens nom Stärebild, an deem dëse Radiant läit genannt (z. B. Perseiden: Stärebild Perseus). Allerdéngs verännere sech seng Himmelskoordinaten, wann e Meteorschwaarm méi laang wéi e puer Deeg dauert, well d'Ellipsebunne vun den Deelercher ëm d'Sonn eng Krëmmung huet, déi pro Dag ronn 1° ausmécht.

D'Partikeldicht op der Fluchbunn vum Koméit ass kuerz vir an no dem Laanschtfluch vum Koméit bei der Sonn däitlech méi grouss. Dëst Evenement gëtt als Meteorstuerm bezeechent, bei deem a verschiddene Jore méi wéi Dausend Meteore pro Stonn ze gesi sinn.

Et kann och eréischt e puer Joer nom Perihel vum Koméit zu enger besonnesch grousser Zuel vu Meteore kommen, wéi beispillsweis 2002 bei de Leoniden an dem Perihelduerchgank 1998 vum Koméit Tempel-Tuttle.

Well sech déi Partikelwolleken am Laf vun de Joren opléisen an hir Bunnen ëm d'Sonn duerch Bunnstéierungen an aner gravitativ oder net-gravitativ Aflëss geännert kënne ginn, verschwanne Meteorstréim laangfristeg (wéi d'Leoniden no 2002), wärend nei Stréim aus aktuellen, nach aktive Koméiten entstinn.

Literatur

änneren
  • Cuno Hoffmeister: Meteore, ihre kosmischen und irdischen Beziehungen. Akademische Verlagsgesellschaft m.b.H., Leipzig (1937)
  • Cuno Hoffmeister: Meteorströme. Joh. Ambr. Barth Verlag, Leipzig (1948)
  • Fritz Heide: Kleine Meteoritenkunde. Verständliche Wissenschaft Band 23, Springer-Verlag, Berlin 1957.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck

änneren
Commons: Meteorstrom – Biller, Videoen oder Audiodateien