Horizont
Den Horizont (griich. ορίζοντας „de Gesiichtskrees“) ass d'Grenzlinn tëscht der visueller Äerd an dem Himmel. Déi vum Horizont opgespaante Fläch ass d'Horizontfläch, si steet rechtwénkleg zu der Zenitrichtung.
Prezis Definitiounen
ännerenGenee gekuckt gëtt et e puer Bedeitungen, déi sech all duerch ënnerschiddlech Siichtwäiten a visuell Distanzen zum Horizont ënnerscheeden:
- Geometreschen Horizont,
- Opteschen Horizont: Duerch d'Liichtbriechung erschéngt den Horizont méi wäit ewech an d'Äerd méi grouss.
- Radiohorizont: Radiowellen verhale sech änlech wéi d'Liicht. Och héi gëtt d'Briechung duerch ee gréisseren visuellen Äerdduerchmiesser berücksichtegt.
- Nauteschen Horizont, Kimmung, Kimmlinn: dee natierlechen Horizont um Mier.
- Natierlechen oder Landschaftshorizont: d'Grenzlinn tëscht Himmel an Äerd, wéi si vun de lokale Bedingungen (vun der Landschaft) ofhänkt.
Horizontfläch ass d'Fläch vum geometreschen Horizont. D'Vertikal op dëser Fläch schneit d'Himmelssphär an Zenit an Nadir.
Horizont an der Nautik, Kimmlinn
ännerenD'Kimm ass déi op oppenem Mier visuell Grenzlinn tëscht Waasser an Himmel. Op si bezéie sech d'Miessunge vun Héichtewénkelen z. B. mat engem Sextant.
Horizont an der Mathematik, Astronomie a Geodesie
ännerenDen Horizont am mathematesche Sënn ass e Grousskrees, deen d'Sphär oder Himmelskugel an zwou gläich Hallschenten deelt.
- Geometreschen Horizont
- ee Grousskrees deen an der Astronomie zwéi Bezugspunkte kennt:
- Geozentreschen (richtegen) Horizont: d'horizontal Fläch geet duerch den Äerdmëttelpunkt
- Topozentreschen (visuellen) Horizont: duerch eng Plaz un der Äerduewerfläch, respektiv duerch d'Plaz Observateur. Den Ënnerscheed am Héichtewénkel vun engem Himmelskierper entsprécht der Parallax, wärend den Azimut dee selwechten ass.
Kuckt och
änneren- Dämmerung, Sonnenopgang, Sonnenënnergang
- Kënschtlechen Horizont – Miessinstrument