Parc municipal (Stad Lëtzebuerg)
De Parc municipal vun der Stad Lëtzebuerg, am allgemenge Sproochgebrauch Stater Park, gouf am Zäitraum vun 1871 bis 1878 op der Plaz vu fréiere Festungswierker vun der Festung Lëtzebuerg, déi ofgerappt, planéiert oder zougetippt gi waren, no de Pläng vum franséische Landschaftsarchitekt a Botaniker Edouard André ugeluecht.
![]() D'Kinnekswiss am Stater Park | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'49"N, 6°7'22"O |
Ugeluecht | 1871 |
Architekt | Édouard André |
Genannt no |
Edmond Joseph Klein, Jean-Charles-Chrétien de Landas et de Louvignies, Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, Jean-Pierre Pescatore |
Fläch | 20 ha |
![]() |
De Park läit an der Uewerstad, ass knapps 21 ha grouss a verdeelt sech op véier Deeler tëscht der Avenue Marie-Thérèse am Süden an dem Eecher Bierg am Nordosten. En an ass dat ganzt Joer iwwer fräi zougänglech.
Park Edmond-Klein änneren
De südlechsten Deel vum Stater Park ass de Park Edmond-Klein, tëscht der Avenue Marie-Thérèse an der Avenue Monterey. En huet eng Fläch vun ongeféier 3,52 ha. Am Oste gëtt e vum Prënzeréng ofgegrenzt an am Weste vun de private Parzelle vum Boulevard Joseph-II. An dësem Deel vum Park gëtt et zwéi Weieren an um Bord vun der Avenue Monterey d'Iwwerreschter vum Fort Lambert, engem Reduit dee 1685 vum Vauban gebaut gouf. De Fort gouf nom Henri de Lambert genannt, dee vu 1684 bis 1688 1. Gouverneur a Generolleutnant vun der Stad a vum Herzogtum Lëtzebuerg war. Do dernieft, och laanscht d'Avenue Monterey, steet d'Stater Synagog, déi 1953 do gebaut gouf, nodeems hire Virgänger an der Zäit vum Zweete Weltkrich vun den Nazi-Besatzer ofrappe gelooss gi war.
Monumenter a Skulpturen änneren
Biller änneren
-
Am Edmond-Klein Park
-
Ee vun den zwéi Weieren
-
E Waasserhéngchen am Park Edmond-Klein
-
Stirner Prothese vum Bert Theis
-
L'Onde vum Jean-Bernard Métais
Louvigny-Park änneren
Den zentralen Deel vum Park läit mat enger Fläch vun ca. 5,95 ha tëscht der Avenue Monterey an der Arsenalstrooss. Am Ufank vum Park läit eng grouss Spillplaz mat engem Pirateschëff. Bei der Spillplaz steet d'Krombach-Eech, déi ëm 1875 geplanzt gouf.
Nërdlech dovun, op der Plaz vum fréiere Reduit Louvigny, steet d'Villa Louvigny, déi dem Park den Numm gëtt. De Reduit war 1672 gebaut an nom Festungskommandant Jean Charles de Landas, Grof vu Louvigny genannt ginn.
Monumenter a Skulpturen änneren
- Buste Mahatma Gandhi vum Amar Nath Sehgal
- Buste Victor Hugo, Kopie vum David d'Angers sengem Wierk
- Erënnerungsplack un de Batty Weber
Biller änneren
-
D'Pirateschëff op der Spillplaz
-
D'Spillplaz; am Hannergrond de Prënzeréng
-
E Gedrénkskiosk mam Tuerm vun der Villa Louvigny am Hannergrond
-
D'Buste vum Victor Hugo an am Hannergrond d'Villa Louvigny
Amaliapark änneren
Den Amaliapark, drëtten a gréissten Deel vum Park (9,43 ha), geet vun der Arsenalstrooss aus a Richtung Norden, dréint dann a Richtung Osten a stéisst op d'Neipuertsgaass.
Am Ufank vum Park, um Bord vun der Arsenalstrooss, läit d'Villa Vauban, d'Konschtgalerie vun der Stad Lëtzebuerg. D'Villa gouf 1873 vum Industrielle Gabriel Mayer op der Plaz vum fréiere Reduit Vauban gebaut. Nërdlech heivu läit de Siège vum Roude Kräiz. Südwestlech dovu steet d'Monument vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, der Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau. D'Monument gëtt dem Park säin Numm.
Bei Monument stinn och zwou Sequoiaen, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren. E puer Meter virdru gouf den Amaliabuer ugeluecht.
Virun der Neipuertsgaass ass eng grouss fräi Fläch, d'Kinnekswiss, op där ee raschten oder spille kann, ma wou awer och Fester oder Concerten organiséiert ginn. Um südleche Bord vun der Kinnekswiss stinn d'Iwwerreschter vun enger Hobuch, déi och zu de bemierkenswäerte Beem gehéiert huet, awer zanter 2016 dout ass.
Monumenter a Skulpturen änneren
- Amalia-Monument
- Buste Siggy vu Lëtzebuerg vum Lucien Wercollier
- Centaure vum Claude an François-Xavier Lalanne
- L'Enlacement vum Lucien Wercollier
- Erënnerungsplacke fir déi lëtzebuergesch Cyclisten
- François Faber
- Nicolas Frantz
- Charly Gaul vun der Yvette Gastauer-Claire
- Elsy Jacobs vun der Yvette Gastauer-Claire
- Gedenkplack un de Jang de Blannen vum Fernand Hoeltgen
- Gedenkplack un d'Aline-Mayrisch
Biller änneren
-
Vue vum Amalia-Denkmal a Richtung vun der Stad
-
Erënnerungsplack un de Jang de Blannen
-
Concert op der Kinnekswiss
Pescatore-Park änneren
De leschten Deel vum Park geet vun der Neipuertsgaass aus no Oste bis op d'Contregarde Berlaimont, iwwer dem Eecher Bierg. Am Norden ass en ofgegrenzt vum Beréng vun der Fondatioun Pescatore an a Süde vum Prënzeréng. En huet eng Fläch vun ca. 1,71 ha.
Ëstlech vun der Avenue Pescatore, déi als Stéchstrooss an de Park féiert, steet de Käschtebam vum Prënz Jean deen 1921, bei der Geleeënheet vun der Gebuert vum Prënz Jean, geplanzt gouf.
Vum Park aus huet een och Accès an de Lift fir an de Pafendall.
Monumenter a Skulpturen änneren
- Le passe-muraille vum Jean-Bernard Métais
- Triumph of Courage - The Battle of the Bulge
- Joseph-Kutter-Stèle vum Lucien Wercollier
Monumenter a Skulpturen änneren
Biller änneren
-
De Park nieft der Fondatioun Pescatore
-
De Vëloswee tëscht dem Park an der Rouder Bréck
-
De Sprangbuer virun der Fondatioun Pescatore
-
Erënnerungsmonument un d'Ardennen-Offensive
Literatur änneren
- Luja, Henri, Monographie du parc public de la Ville de Luxembourg (Link op d'Dokument op der Websäit vun der Société des naturalistes luxembourgeois)
Um Spaweck änneren
Commons: Parc municipal (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |