Jang-de-Blannen-Gedenkplack am Stater Park

Erënnerungsplack un de Johann vu Lëtzebuerg
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Jang-de-Blannen-Gedenkplack am Stater Park ass eng bronzen Erënnerungsplack déi op engem stenge Block festgemaach ass. Se erënnert un de Grënner vun der Schueberfouer, de Johann vu Lëtzebuerg, genannt Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg, vu Chiny, a Kinnek vu Béimen (1296 - 1346).

Jang-de-Blannen-Gedenkplack am Stater Park
Monument am Stater Park
Typ Gedenkplack,
Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Koordinaten 49°36'57,834"N, 6°7'28,560"O
Ageweit 23. August 1975
Material Bronz, Steen
Zu Éiere vun Jang de Blannen

D'Plack steet an der Rue Adames, tëscht dem Boulevard de la Foire an dem Accès fir an e Stater Park. Se gouf op d'Initiativ vum President vun de Forainen opgeriicht, als Merci datt de Jang de Blannen d'Schueberfouer ageféiert hat. D'offiziell Aweiung war den 23. August 1975.

D'Plaz ronderëm d'Gedenkplack ass am August 2020 nei amenagéiert an opgewäert ginn[1].

Text op der Plack änneren

Op der Plack steet dësen Text:

A

JEAN L'AVEUGLE

FONDATEUR DE LA

SCHUEBERFOUER

LES FORAINS

RECONNAISSANTS

Biller änneren

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Blumen zu Ehren von Jang de Blannen. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2020-08-21). Gekuckt de(n) 2021-08-08.