Den Henri de Lambert, Marquis vu Saint Bris, Barong vu Chitry an Angy, gebuer den 3. November 1631 a gestuerwen am Juli 1686, war e franséische Militär.

Hie gouf noenee Kapitän am Régiment royal, Maître de camp vun engem Kavaleriregiment, Brigadier (1674), Feldmarschall (de 25. Februar 1677), Kommandant vu Freiburg-im-Breisgau (am November 1677), Generolleutnant vun de Kinneklechen Arméien am Juli 1682, Kommandant vun der Festung Lonkech a vu 1684-1688 1. Gouverneur a Generolleutnant vun der Stad a vum Herzogtum Lëtzebuerg.

Den 22. Februar 1666, huet hien d'Anne-Thérèse de Marguenat de Courcelles (1647-1733) bestuet, déi sech ënner dem Numm Marquise de Lambert als Schrëftstellerin en Numm gemaach huet. Ausser zwee a jonkem Alter gestuerwene Kanner hate si der nach 2:

  • Henri François de Lambert (1677-1754), Marquis de Saint-Bris, Gouverneur vun Auxerre.
  • Marie-Thérèse de Lambert (†1731), déi 1703 de Louis de Beaupoil, comte de Sainte-Aulaire bestuet huet.

De Fort Lambert vun der Festung Lëtzebuerg gouf no him genannt.