Eng Spillplaz oder Kannerspillplaz ass eng delimitéiert Plaz mat fest montéierte Konstruktiounen an op deene Kanner spille kënnen. Si leien dacks no bei Wunnhaiser a sinn heiansdo mat enger Clôture vun der Strooss ofgetrennt. Op enger Spillplaz fënnt ee meescht eng Rutschban, eng Klunsch an eng Sandkaul.

D'Spillplaz beim Camping zu Bur

Ëffentlech Spillplazen an hir Amenagementer an den EU-Memberlänner mussen zanter 1998 konform mat de Sécherheetsnormen DIN EN 1176 an 1177 sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Spillplazen – Biller, Videoen oder Audiodateien