Lift Pafendall-Uewerstad

De Lift Pafendall-Uewerstad ass - nieft dem Lift Gronn-Uewerstad - den zweete Lift an der Stad Lëtzebuerg deen e Quartier aus der Ënner- mat der Uewerstad verbënnt. D'Statioun am Dall läit am Schreinescheck, an der Verlängerung vun der Bréckergaass. Vun der ieweschter Statioun kënnt een iwwer eng Foussgänger- a Vëlosbréck am Pescatore-Park un.

Vue op de Lift mat der Passerell (2017).

Fir d'Mobilitéit tëscht den zwéi Quartiere méi einfach ze maachen, war de Bau vun engem Lift am Kader vun de Quartiers-Kaderpläng (Stadtteilrahmenpläne) ausgeschafft ginn a gouf positiv vun de Pafendaller Leit opgeholl. Nieft der Benotzung duerch Foussgänger sollten och Vëlosfuerer de Lift benotze kënnen, dëst besonnesch op der Vëlosstreck a Richtung Norden.

Elementer vum Bau änneren

De ganze Bau besteet aus dräi Deeler:

  • den Tuerm als vertikaalt Bauelement;
  • de Lift selwer, dee säitlech vum Tuerm erop- an erofféiert
  • en horizontaalt Element, d'Bréck déi d'Verbindung tëscht dem Tuerm an dem Pescatore-Park mécht.

D'Betribskäschten (Entretien, Botzen, Energiekäschten) ginn op 40.000 € pro Joer geschat[1].

Geschichtleches änneren

De 25. Juli 2008 huet de Stater Gemengerot den avant-projet sommaire fir e Lift mat enger Foussgänger- a Vëlosbréck fir e Käschtepunkt vun deemools 7.257.100 Euro ugeholl[2],[3].

Den definitive Projet, dee vum Architektebüro steinmetzdemeyer staamt, an deen ë. a. nach Sanitäranlagen am Dall ageplangt goufen, ass de 16. Februar 2009 vum Gemengerot gestëmmt ginn[2]; de gestëmmte Käschtepunkt louch deemools bei 7,57 Milliounen Euro[1].

Am Oktober 2009 ass d'Commande eraus gaange fir d'Terrassementsaarbechten. Vun Ufank u goufen et awer Problemer wéinst Feeler vum Bau-Promoteur déi och net duerch d'Awierke vun der Gemeng konnte behuewe ginn, sou datt de Kontrakt vum Schäfferot annuléiert gouf. D'Commande ass dunn iwwer e Marché de gré à gré un déi Firma iwwerdroe ginn, déi de Lift baue sollt[4].

Wéinst der Faillite vum Entreprener konnt tëscht August 2011 an Oktober 2012 net um Schantje geschafft ginn.

Anescht wéi geplangt, hunn d'Stabilisatiounsmauere misse vu 7 op 16 Meter erhéicht ginn, dëst well d'Fielsen duerch déi ënnerschiddlech Gestengs- a Sandschichten net esou stabil ware wéi uganks ugeholl. D'Surface fir d'Stabilisatioun ass deemno vun 200 op 600 m2 gewuess, wat erkläert firwat d'Bauaarbechte méi laang gedauert hunn. De Käschtepunkt gouf uganks 2014 op 9,8 Milliounen Euro geschat[5], am Juni 2014 op 10,5 Milliounen Euro[6].

Mëtt 2015 war den Tuerm fäerdeg gebaut an de 15. August gouf dunn déi 40 Meter laang a 16 Tonne schwéier schréi Stäip, op enger Héicht vu ronn 15 Meter, tëscht dem Tuerm (ënnerzeg vun der Bréck) an dem Fiels festgemaach[7]. D'Bréck gouf den 19. an 20. September 2015 montéiert.

Den 22. Juli 2016 gouf de Lift offiziell ageweit a fir d'Benotzung fräiginn[8].

Engem Bilan no hunn am éischte Joer, wéi en a Betrib war, an der Moyenne all Mount 33.000 Leit de Lift geholl. An där Zäit ass de Lift iwwer 450.000 Mol erop- oder erofgefuer, an huet dobäi iwwer 27.000 km zeréckgeluecht[9].

Technesch Donnéeën änneren

  • Undriff: Motorhaus am Dall
  • Héicht vum Tuerm: 71 Meter
  • Längt vun der Bréck: 76 Meter
  • Héichtenënnerscheed: 60 Meter
  • Vitess vum Lift: 2,5 Meter pro Sekonn (9 km/h)
  • Fuerzäit: 30 Sekonnen
  • Capacitéit vun der Kabinn: 5 Tonnen (ca. 66 Persounen oder 5-6 Vëlosfuerer an 10-12 Foussgänger)
  • Dimensioun vun der Kabinn: 2,30 x 3,70 Meter

Videoen a Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lift Pafendall-Uewerstad – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Ville de Luxembourg, Compte rendu analytique des séances du conseil communal 1/2009, S.29
  2. 2,0 2,1 Den onofhängege Conseiller Jean-Paul Rippinger hat sech beim Vote enthalen, deelweis well hien der Meenung war, d'Awunner aus der Millebaach an dem Rollengergronn géife sech benodeelegt spiere well si an enger änlecher topographescher Lag wunnen a kee Lift hunn
  3. Ville de Luxembourg, Compte rendu analytique des séances du conseil communal 3/2008, S. 227
  4. Ville de Luxembourg, Compte rendu analytique des séances du conseil communal 2/2012, S. 144
  5. Aufzug Pfaffenthal-Oberstadt läßt auf sich warten op wort.lu de 17. Februar 2014
  6. Kostenexplosion im Pfaffenthal op wort.lu den 3. Juni 2014
  7. Metallene Stütze für den Panoramalift op wort.lu de 25. Mee 2015
  8. Unikat aus Glas, Metall und Beton op wort.lu vum 21. Juli 2016, och am Luxemburger Wort vum 22. Juli 2016 S.22
  9. "L'ascenseur du Pfaffenthal a un an et déjà plus de 27 000 km parcourus." luquotidien.lu, 21/07/17 16:37.