Le passe-muraille (Skulptur)

Le passe-muraille ass den Numm vun enger bronze Skulptur vum franséische Kënschtler Jean-Bernard Métais am Park virun der Fondation Pescatore an der Stad Lëtzebuerg.

Le passe-muraille
Typ Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'18"N, 6°7'41"O
Ageweit 14. Dezember 2006
Héicht 3 m
Material Bronz
Kënschtler Jean-Bernard Métais
Bauhär Lëtzebuerg
Zwou getrennt Schuelen aus Bronze. Hannen am Bild: d'Gebai vun der Fondatioun Pescatore.

D'Skulptur, déi um Wues op engem Hiwwel installéiert ass, besteet aus zwou duerchlächerte Véirelskugelen, déi duerch e schmuele Passage getrennt sinn. Duerch dëse Passage kann een an d'Skulptur eran an och derduerch goen. D'Konschtwierk huet en Duerchmiesser vu 6 Meter an ass dräi Meter héich.

Wann een an der Skulptur steet, behält een duerch déi zwou duerchlächert Schuele Bléckkontakt mat der Natur ronderëm. De Kënschtler selwer huet säi Wierk als chambre sensorielle beschriwwen.

D'Skulptur, déi am Optrag vun der Stad Lëtzebuerg geschaaft gouf, ass am Dezember 2006 offiziell ageweit ginn. Et fënnt ee se riets vun der Jean-Pierre Pescatore-Strooss, déi duerch de Park bei d'Fondatioun Pescatore erop féiert.

D'Konschtwierk dréit keng Signatur vum Kënschtler.

Wéinst Vandalismus huet d'Skulpture misse mat hëlzen Dunnen a Late stabiliséiert ginn (sou am Abrëll 2009 ze gesinn). Ufank 2010 stoung s'erëm fräi.

Quellen änneren

  • Broschür vun der Stad Lëtzebuerg fir hir guides touristiques. (Dës Broschür ass net am Verkaf).
  • www.exporevue.org (cf. Link heidrënner)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren