Steve Karier
De Steve Karier, gebuer den 1. Juni 1961 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Steve Karier | |
---|---|
Gebuer |
1. Juni 1961 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller |
Karriär
ännerenNo enger Schauspillausbildung op der Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart, krut de Steve Karier 1984 säin éischten Engagement zu Basel, wou e bis 1988 bliwwen ass.
Nodeem hie sech e puer Joer als fräischaffende Kënschtler zu Köln, Luzern, Zürich, Wuppertal, Paräis, Bréissel, Avignon, Lëtzebuerg an zu Mailand Piccolo Teatro opgehalen huet, huet de Steve Karier sech op de Wee gemaach fir Tournéeën a Schweden, Dänemark, Italien, Ghana, de Vereenegten Arabeschen Emirater, Moldawien, de Kosovo an den USA.
Tëscht 1995 an 2000 hat hien e fest Engagement beim Schauspielhaus Bochum. Do stounge wichteg Rollen um Programm:
- de Jason am Euripides senger Medea
- de Valerio am Leonce und Lena vum Georg Büchner
- de Ferdinand am Schiller sengem Kabale und Liebe
- an der Sarah Kane hirem Zerbombt d'Roll vum Ian.
Zanter der Spillzäit 2002/2003 spillt de Karier beim Staattheater Mainz:
- am Maxim Biller sengem Kühltransport de Kalman / Dao / Yun
- den Herzog Orsino am Was ihr wollt vum Shakespeare
- de Lopachin am Tschechow sengem Kirschgarten
- am Lessing sengem Miss Sara Sampson de Melfont
2003 huet de Steve Karier den integralen Text vum Renert opgeholl an d'Lauschterbuch ass op 3 CDe vum Nationale Literaturzentrum erauskomm.[1]
De Steve Karier ass zanter dem Hierscht 2006 nees zu Basel am Theater an huet bis elo do ënner anerem d'Titelroll am Sophokles sengem "Koenig Oedipus" gespillt.
Duerno koumen Haaptrollen an zaitgenëssesche Stecker an d'Roll vum "Präparator" am Horvàth sengem "Glaube, Liebe, Hoffnung". Am Summer 2009 verléisst de Steve Karier de festen Ensembel zu Basel a schafft erëm fräi.
Am Wanter 2010 Regie vun "Antigone" vum Sophokles am Kapuzinertheater, Lëtzebuerg, Bün Diane Heirend, Kostümer Katharina Polheim; 2011 Regie vun "Dämonen", Bün a Kostümer Diane Heirend, nees am Kapuzinertheater.
2011 an 2012 spillt de Karier och op de Ruhrfestpiele Recklinghausen, Regie Frank Hoffmann.
Am Summer 2010 grënnt hien de "Fundamental Monodrama Festival" zu Lëtzebuerg, en internationale Festival spezialiséiert op Soloperformancen an ass zanterhier Direkter vun deem Festival.
Am Dezember 2012 gouf de Renert op d'Affiche vum Kapuzinertheater gesat ënner der Regie vun der Anne Simon, woubäi de Steve Karier eleng op der Bün all d'Rollen interpretéiert huet.[2]
Weider Gaaschtspillreesen an de leschte Jore féieren de Steve Karier matt Monologen an de Vietnam an an Afrika, mat gréisseren Inszenéierungen zweemol op Däitschlandtournee an a Rumänien.
Ausserdeem hat hien eng Rei Masterklassen am Vietnam, an den USA an am Niger zanter 2012 a Liesungen.
2019 huet de Steve Karier den éischte Band vun der Harry-Potter Saga als Lauschterbuch op Lëtzebuergesch opgeholl. Hien huet Den Harry Potter an den Alchimistesteen an enger Opnam vun 9 Stonnen a 36 Minutte fir d'Kairos Edition enregistréiert.
Lescht Aarbechten op der Bün:
- "Codename Ashcan", TNL, Regie: Anne Simon, Mai 2017/
- "Out in Africa", TNL, Ruhrfestspiele Recklinghausen/Fundamental/Arcola Theatre London, Text a Regie: Mpumelelo Paul Grootbom (Südafrika)
Filmographie (Auswiel)
änneren- Little Duke, 2023, vum Andy Bausch
- Colonia, 2015, vum Florian Gallenberger
- D'Symmetrie vum Päiperlek, 2012, vum Paul Scheuer a Maisy Hausemer
- De Ronde, 2011, 9-deeleg TV-Serie fir de flämesche Fernsee (VRT), Regie: Jan Eelen
- Trouble no more, 2010, Film vum Andy Bausch
- Luxtime, 2009, e Kuerzfilm vum Laura Schroeder
- Luftbusiness, 2008, e Kinofilm vum Dominique de Rivaz
- Perl oder Pica,2006, vum Pol Cruchten
- Platznehmen, 2004, e Kuerzfilm vun der Eva-Maria Schlamp
- Salut Cousin!, 1996, Film vum Merzak Allouache, d'Roll vun engem Polizeiinspekter
- Black Dju, 1996, vum Pol Cruchten
- Angst, 1993/4, en däitsch/éisträicheschen Tëlee-Film vum Bernd Schadewald
- und sahen was zu machen war, 1991/4. Am Documentaire vum Stephan Sachs huet de Karier eng Spriechroll
- Anna annA, 1991/3, am Schwäizer-däitsch-lëtzebuergesche Spillfilm vun der Greti Kläy a Jürgen Brauer spillt de Steve Karier de Schoulmeeschter
- Ex und Hopp. 1990/91, Fernseefilm vum Andy Bausch
- Schacko Klak, 1990, Kinosfilm vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom, 1988/9 vum Andy Bausch
- Die Reise das Land (1986) vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann
Literatur
änneren- Feitler, Frank, 2012. Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréist / Michel Rodange. Programmheft, Atelier reprographique Ville de Luxembourg. 8 S. [Soloopféierunge vum Steve Karier am Kapuzinertheater am Dezember 2012. Reprisen am Februar 2013.]
- Rodange, Michel, 2002. Michel Rodange - Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt: Op en Neis fotografëert vun Engem Letzebreger. 1872. Tounausgab vum integralen Text an 3 CDen (199 Min.) + 1 Bichelchen. Centre national de littérature, Miersch, a Centre national de l'audiovisuel, Diddeleng. Spriecher: Steve Karier; Toun: Jean-Marie Spartz.
- Migneco, Friederike. Ich bin aus dir gemacht und andere liebesgedichte, 1 CD (49 Min.), Spriecher: Steve Karier; Toun: Martin Engler; Edition Habermann, München an Zesummenarbecht mat der Kairos Edition, 2021, Lëtzebuerg.