Rugby Union
Rugby Union (dacks einfach nëmme Rugby oder op Franséisch Rugby à 15) ass eng vun zwou Versioune vu Rugby. Et ass dat am meeschte verbreet Rugby Spill iwwerhaapt. An dësem Kämpf- a Ballspill versichen zwou Mannschaften zu jeeweils 15 Spiller, e Rugbyball, laanscht oder duerch d'Géignerverdeedegung ze droen an op déi Aart a Weis Punkten ze markéieren.
Den éischte Verband, Rugby Football Union (RFU), ass 1871 an England gegrënnt ginn. Den internationale Verband, deen d'Reegele vum Sport festleet an eng ganz Rei Kompetitiounen organiséiert ass den International Rugby Board (IRB), deen 1886 gegrënnt gouf.
ReegelenÄnneren
Zil vum SpillÄnneren
Zil vum Spill ass et, mei Punkten wéi d'Géignermannschaft ze maachen. Dofir gëtt et dräi Méiglechkeeten:
- Et kann een de Ball laanscht d'Géignermannschaft droen hanner d'Linn d'essai, an do op de Buedem leeën. Dat ass wat een en "Essai" nennt, op Englesch "try", deen zielt fir fënnef Punkten. Duerno huet d'Mannschaft d'Chance eng Transformatioun (Englesch conversion) vu weideren zwee Punkten z'erzilen. Heibäi gëtt probéiert, de Ball mat engem Kick vum Buedem op enger Plaz op der Linn (parallel zur bauseschter Linn), wou den "Essai" gesat ginn ass, an zwar duerch e Poteau an H-Form ze schéissen. De Ball soll dann iwwer d'Mëttellat fléien.
- Wann e Feeler geschitt muss eng Penalitéit geschoss ginn. Dat heescht nach eng Kéier datt de Ball gekickt gëtt, an zwar erëm iwwer d'Mëttellat vun de Poteauen.
- Wärend dem Spill ass et och méiglech eng reng technesch Beweegung duerchzeféieren, den Drop-Kick. Deen ass dräi Punkte wäert.
SpillerÄnneren
Déi 15 Spiller vun all Mannschaft ginn an aacht Stiermer (Forwards, Trikotnummer 1-8) an a siwen Arrièren (Backs, Trikotnummer 9-15) agedeelt. Bei de Spiller mat den Trikotnummeren 11-14 schwätzt een och vu "Trois-Quarts", déi d'Oppositioun zum Stuerm bilden. D'Nummer 10 huet den Numm "demi d'ouverture", well en tëscht dem Stuerm an den Trois-Quarts d'Spill dirigéiert.
Op dëser Skizz kann een d'Opstellung wärend enger Mêlée verstoen.
|
StandardsituationenÄnneren
Standardsituationen am Rugby Union sinn eng Mêlée, mat där e klenge Foul bestrooft gëtt, an och den Aworf, wann de Ball eraus war.
Eng aner quasi-Standardsituatioun ass de Plaquage, mat deem de Géigner verhënnert gëtt fir Raum ze gewannen.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Rugby union – Biller, Videoen oder Audiodateien |