Jean Curot
lëtzebuergesche Moler a Sculpteur
De Jean Curot, gebuer den 3. August 1882 am Neiduerf, gestuerwen um Zens den 21. Abrëll 1954, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
Jean Curot | |
---|---|
Gebuer |
3. August 1882 Neiduerf |
Gestuerwen |
21. Abrëll 1954 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur, Moler, Zeechner |
Hien huet, nieft anere Monumenter, 1932 de Fiisschen, d. h. d'Michel-Rodange-Monument um Knuedler entworf. Vun him ass och de Geessekapp mat Brëll iwwer dem Buer an der Mauer ënnerzeg vum Fiisschen. Et soll eng Karikatur si vun engem Proff aus dem deemolege Koléisch vis-à-vis.
De Jean Curot huet och donieft Plakater a Bicher-Coveren entworf.
Hie krut 1907, zesumme mam Auguste van Werveke, de Prix Grand-Duc Adolphe.