Franz Seimetz

lëtzebuergesche Moler an Auteur

De Fran(t)z Seimetz, gebuer den 21. Abrëll 1858 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen de 26. Oktober 1934 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche[1] Moler an Auteur. Hie war deen éischte Lëtzebuerger Artist, deen impressionistesch gemoolt huet.

Franz Seimetz
Gebuer 21. Abrëll 1858
Gréiwemaacher
Gestuerwen 26. Oktober 1934
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler
De Rokoko-Pavillon zu Iechternach.

Liewen änneren

Säin éischt Uelegbild huet hie mat 16 Joer gemoolt - et ware Blummen -; säin éischte Portrait war den deemolege Maacher Dechen. Säin Erfolleg hat hie wéi en e Gréiwemaacher Charakterkapp gemoolt huet. Et huet hie mat dem Mäerterter Schlasshär Dominique-Antoine Pescatore a Kontakt bruecht, deen de Seimetz an d'Ausland geschéckt huet. Nodeem hie bei engem Bréisseler Moler geschafft huet, goung hien op d'Kunstakademie zu München an op d'École des beaux arts zu Paräis. 1881 koum hien op Lëtzebuerg zeréck. Hien huet Portraiten a Landschafte gemoolt. 1887 ass hien an d'USA gefuer, wou hien zwee Joer zu Dubuque war. Vun do aus ass hie 6 Méint laang op engem Hausboot um Mississipppi gefuer. Doriwwer huet hie méi spéit a senger Memoirëserie Feuersalamander geschriwwen,[2] Duerno ass hien och nach op d'Antillen, a Mexiko an a Kanada gereest. Hie koum mat ville Biller, Erfarungen an Enttäuschungen 1896 op Lëtzebuerg zeréck.

Den 13. Juli 1897 huet hie sech mat der Marie-Antoinette Bourger vun Arel bestuet, der Duechter vun engem Zeecheprofesser. D'Koppel huet fir d'éischt zu Boufer bei der Famill Pescatore gewunnt, duerno an der Märeler Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Ëmmer erëm huet et si an d'Friemt gezunn. Sou ware si zu München, am Elsass an an Italien. 1902 si si op Iechternacherbréck an 1916 op Iechternach geplënnert, wou de Franz Seimetz warscheinlech seng schéinste Biller gemoolt huet. 1923 si se nees an d'Stad wunne gaangen.

An de leschte Jore vu sengem Liewen huet de Seimetz 4 Volumë Memoirë mam Ttel Feuersalamander geschriwwen.

Hien ass de 26. Oktober 1934 gestuerwen.

Wierk vum Moler (Auswiel) änneren

Auswiel vu Biller aus engem Buch vum Robert Stumper:[3]

  • 1885 Michel Rodange
  • 1885 Michel Engels
  • 1888 Philippe Servais
  • 1890 Mexikanische Kirche
  • 1891 Amerikanische Tannen
  • 1892 Frau im Lehnstuhl
  • 1892 Mississippi
  • 1895 Coast of Main
  • 1897 Kannerportrait
  • 1898 Petrustal
  • 1899 Alzette
  • 1898 Madame Seimetz, geb. Bourger
  • 1900 Schlafender Mönch
  • 1900 Der Schutzengel
  • 1901 Betender Geistlicher
  • 1901 Der Prälat
  • 1904 Assisi mit Rocca
  • 1905 Echternach, Sack a Kack
  • 1905 Sosthène Weis
  • 1907 Waldallee
  • 1910 Selbstportrait
  • 1910 Bauernhof auf Rügen
  • 1915 Hallerbach
  • 1916 Waldweg
  • 1917 Brücke in Echternach
  • 1919 Lesende Frau
  • 1920 Blumenstück
  • 1920 Sanddüne bei Arlon
  • 1920 Alte Weide am Weiher
  • 1922 Italienischer Greis
  • 1922 Mädchenkopf (Mme Beckius)
  • 1928 Kockelscheuer
  • 1932 Blühender Apfelbaum

Wierk vum Auteur änneren

  • Seimetz, Frantz, 1931-1934. Der Feuersalamander: Einfälle und Ausfälle. 4 Vol. Linden & Hansen, Luxemburg.[4]

Auszeechnungen änneren

Nom Frantz Seimetz genannt änneren

Literatur änneren

Ausstellungen änneren

  • Villa Vauban, 18. Jan. 2014 - 25. Mee 2014: De la Moselle au Monde entier. Le peintre Frantz Seimetz (1858-1934)[5]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Franz Seimetz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. De Frantz Seimetz, deem säi Papp en Auslänner war, huet am Oktober 1879 d'lëtzebuergesch Nationalitéit kritt (Memorial 1879: 808-809). [1]
  2. Cf. Seimetz 1931-1934 am Kapitel: Wierk vum Auteur.
  3. Cf. Stumper 1973 an der Literatur.
  4. Kuckt och: Seimetz 1974 an der Literatur.
  5. Expo Frantz-Seimetz an der Villa Vauban 2014