Actioun Lëtzebuergesch

Actioun (sic) Lëtzebuergesch (AL) ass eng Vereenegung, déi de 14. November 1971 gegrënnt gouf, mam Zil, "fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, geschwat a geschriwwen" (sou hir Satzung).

De grousse Succès mat den Annoncentexter. Déi 2. Oplo vun 1982

Op hirem Programm stoungen déi heite Punkten:

An hirer Ufanksperiod huet d'Actioun Lëtzebuergesch sech misse ferm géint Virwërf wieren, si wier nationalistesch, reaktionär oder géif "Heimattümelei" bedreiwen. No an no awer ass hir Aarbecht op eng ëmmer méi breet Zoustëmmung gestouss. Den Opschwonk vum Lëtzebuergeschen a ville Beräicher an den 1970er an 1980er Joren ass direkt oder indirekt op d'Aktivitéite vun der AL zeréckzeféieren.

Op hire Lobbyismus hin ass en neit Lëtzebuergeschbuch fir d'Primärschoulen, Lëtzebuergesch an der Schoul, ausgeschafft ginn, an d'Lëtzebuergesch gouf als Schoulfach op de Septièmen a Huitièmen an de Lycée techniquen agefouert. An Zesummenaarbecht mam Bistum goufe Masstexter (Hochzäit, Begriefnes,...) Gebieder a Lidder iwwersat, soudatt d'Massen no an no ëmmer manner op Däitsch gehale goufen.

Och d'Dobäisëtze vun de lëtzebuergeschen Nimm op den Uertschaftsschëlter ass zum groussen Deel op d'Dirängele vun der AL zeréckzeféieren.

Dee gréisste Succès awer hate si mat de Musteren (Stuelen) vun Texter fir Gebuerts-, Hochzäits- an Doudesannoncen an der Zeitung. 1974 ware just 519 där Annoncen op Lëtzebuergesch, 1980 scho sechsmol méi (3.894). Haut sinn iwwer dräi Véirel vun de Familljenannoncen a Lëtzebuerger Sprooch.

Pionéieraarbecht huet AL och mam Organiséiere vun Owescourse geleescht, fir Lëtzebuergesch z'enseignéieren. Tëscht 1975 an 1980 hunn all Joer eng 800 Leit där Course besicht.

Der AL gouf alt virgeworf, si géif en antiquéiert Lëtzebuergesch propagéieren, wat kee méi géif gebrauchen, a géif mat hirem resolute Bestëmmen, wat gutt Lëtzebuergesch ass, d'Leit veronsécheren. Och goufen Tendenze kritiséiert, datt en ze staarkt Insistéieren um Lëtzebuergeschen zu engem Ofleene vun allem, wat net Lëtzebuergesch ass, géif féieren. D'AL huet dann och eng Kéier misse Memberen erausgeheien, déi mat auslännerfeindleche Remarken opgefall waren. Zanterhier weist d'AL ëmmer nees op de wichtege Bäitrag zu der Integratioun, deen d'Sproochcourse fir déi auslännesch Matbierger sinn an distanzéiert sech vun allem Ofgrenze vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger.

A leschter Zäit[Wéini ?] ass eng vun hiren Haaptfuerderungen, datt Lëtzebuergesch sollt an der Lëtzebuerger Constitutioun ernimmt ginn.

Zanter 1984 verdeelt d'AL d'Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz fir besonnesch Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

De Lex Roth ass Grënnungspresident vun der AL, zanter 1998 ass e Vizepresident.

Publikatiounen

änneren

Zanter 1971 gëtt d'AL d'Zäitschrëft Eis Sprooch (Nei Folleg) eraus, déi ganz op Lëtzebuergesch geschriwwen ass, an zanter 1994 publizéiert se reegelméisseg an den Dageszeitungen eng Rubrik mam Titel Eng Klack fir eis Sprooch.

Literatur

änneren
  • Actioun Lëtzebuergesch: 50 Joer fir eis Sprooch! 1971-2021. Izeg 2021, ISBN 978-2-9199629-1-4.
  • Schmit, E., 1981: 10 Joer "Actioun Lëtzebuergesch". In: Eis Sprooch 20 (1981), N.F. Nr. 13, S. 1-8.
  • Zenner, Roby, 2011. 40 Joer "Actioun Lëtzebuergesch" - Eis Sprooch. In: Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 35 (19./20. Februar), S. 18.
  • Lex Roth, Eng Klack fir eis Sprooch, All 250 "Klacken", Nummeren 1 bis 250 (26.06.1993 - 06.04.2019), gesammelt vum Patrick Kaell a Tom Weidig, Verlag Actioun Lëtzebuergesch, 2020, 254 S., ISBN 978-2-9199629-0-7

Um Spaweck

änneren