Olympesch Summerspiller 1956
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Olympesch Summerspiller 1956, offiziell Spiller vun der XVI. Olympiad, goufe vum 22. November bis den 8. Dezember 1956 zu Melbourne an Australien organiséiert.
Spiller vun der XVI. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Land | Australien |
Stad | Melbourne |
Ufanksdatum | 22. November 1956 |
Schlussdatum | 8. Dezember 1956 |
opgemaach vum/vun der | Philip Mountbatten |
Olympeschen Eed | John Landy |
Olympesch Fakel | Ron Clarke |
Kompetitiounen | 145 an 16 Sportaarten |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1952 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1960 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/melbourne-1956 |
Dräi Staaten (Spuenien, Holland an d'Schwäiz) hunn d'Spiller wéinst dem Amarsch vun der Sowjetunioun an Ungarn boykottéiert. Dräi aner Länner (Egypten, Libanon an den Irak) hunn d'Spiller wéinst der Suezkris boykottéiert. D'Volleksrepublik China war hirersäits net derbäi, well Republik China (Taiwan) zougelooss gi war.
Wéinst der strenge Quarantänbestëmmungen fir d'Päerd gouf d'Reiden a Schweden (10. bis 17. Juni) organiséiert.
Participanten
ännerenEt hunn 72 Natioune mat am Ganzen 3.314 Olympioniken (376 Fraen an 2.938 Männer) un 145 Kompetitiounen a 16 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
ännerenLëtzebuerg war zu Melbourne mat 11 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 8. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participante pro Sportaart
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Olympesch Summerspiller 1956 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1956 op: