Olympesch Summerspiller 1984

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1984, offiziell Spiller vun der XXIII. Olympiad, goufe vum 28. Juli bis den 12. August 1984 zu Los Angeles am US-amerikanesche Bundesstaat Kalifornien organiséiert.

Spiller vun der XXIII. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Maskottchen Aadler Sam
Land USA
Stad Los Angeles
Ufanksdatum 28. Juli 1984
Schlussdatum 12. August 1984
opgemaach vum/vun der Ronald Reagan
Olympeschen Eed Edwin Moses, Sharon Weber
Olympesch Fakel Rafer Johnson
Kompetitiounen 221 an 21 Sportaarten
Ekippen 140
Athleeten 6.829
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1980
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1988
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/los-angeles-1984

D'Sowjetunioun huet d’Spiller boykottéiert, well d'Sécherheet vun hiren Athleeten zu Los Angeles net garantéiert wier. 18 Staaten hu sech dem Boykott ugeschloss an hirersäits als Géigeleeschtung „Spiller vun der Frëndschaft“ organiséiert.

D'Synchronschwammen, d'Rhythmesch Sportsgymnastik, den Damme-Marathon an d'Damme-Stroossecourse am Cyclissem waren nei um olympesche Programm.

Participanten änneren

Et hunn 140 Natioune mat am Ganze 6.829 Olympioniken (1.566 Fraen a 5.263 Männer) bei 221 Kompetitiounen an 21 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg änneren

Lëtzebuerg war zu Los Angeles mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.

Zënter 1900 war et déi 16. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.

Fändelsdréier änneren

De Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vun der Bouschëtzin Jeannette Goergen gedroen.

Participante pro Sportaart änneren

  Bouschéissen änneren
  Liichtathleetik änneren
  Schéissen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Summerspiller 1984 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren