Olympesch Summerspiller 1900

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 1900, offiziell Spiller vun der II. Olympiad, goufe vum 14. Mee bis den 28. Oktober 1900 zu Paräis a Frankräich organiséiert.

Spiller vun der II. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Land Frankräich
Stad Paräis
Ufanksdatum 14. Mee 1900
Schlussdatum 28. Oktober 1900
Kompetitiounen 89 an 19 Sportaarten
Ekippen 24
Athleeten 997
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 1896
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 1904
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/paris-1900

Et war déi éischt Editioun bei där Fraen an zwou Sportaarten (Golf an Tennis) matgemaach hunn.

Vill fir haut exotesch Kompetitiounen a Sportaarte wéi Cricket a Pelota stoungen um olympeschen a Ballonfueren grad ewéi de Jeu de Paume um net-olympesche Programm.

Participanten änneren

Et hu 24 Natioune mat am Ganzen 997 Olympioniken (22 Fraen an 975 Männer) un 89 Kompetitiounen an 19 Sportaarte matgemaach.

Participatioun vu Lëtzebuerg änneren

D'Spiller vun 1900 waren déi éischt mat enger Lëtzebuerger Participatioun, och wann dat laang ëmstridde war. Beim Michel Theato, dee fir eng franséisch Ekipp gelaf ass an de Marathon gewonnen hat, gouf eréischt nodréiglech festgestallt datt hien déi lëtzebuergesch Nationalitéit hat. Virdru gouf ëmmer ugeholl, datt hie Fransous wier. Fir den IOK gëllt seng Medail bis haut nach ëmmer fir Frankräich[1].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Summerspiller 1900 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (en)Michel Theato. olympics.com. Gekuckt de(n) 09.03.2024.