Atlanta
Atlanta ass d'Haaptstad an déi gréisst Stad vum amerikanesche Bundesstaat Georgia. An der Metropolregioun vun Atlanta wunne ronn 6,1 Millioune Mënschen, wat se zur aachtgréisster an den USA mécht.
Atlanta | |
---|---|
![]() | |
Land | USA |
Bundesstaat | Georgia |
County | Fulton County |
Fläch | 347,996293 km² |
Awunner | 498.715 (2020) |
Héicht | 225 Meter |
Zäitzon |
Eastern Time Zone, UTC−5, UTC−4 |
Buergermeeschter | Shirley Franklin (2002) |
Koordinaten | 33°45'25"N, 84°23'25"W |
![]() | |
D'Stad läit um Fouss vun den Appalachen op enger Héicht vun 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.
Atlanta gouf als Endstatioun vun de staatlecher Eisebunn gegrënnt mee ass séier e Konvergenzpunkt tësche verschidden Eisebunne ginn, wat séier zu Wuesstem gefouert huet. Eng vun deenen Eisebunne war d'Western and Atlantic Railroad, vun där den Numm "Atlanta" kënnt. Wärend dem amerikanesche Biergerkrich hat d'Stad eng strategesch Roll fir d'Südstaaten, bis se 1864 vun den Nordstaaten ageholl gouf. Si gouf vum Generol William T. Sherman sengen Truppen komplett néiergebrannt. Nom Krich huet si sech séier erholl an ass zu engem nationalen Industriezentrum an zur inoffizieller Haaptstad vum "Neie Süde" ginn. Nom Zweete Weltkrich ass Atlanta zu enger Plattform fir Manufaktur an Technologie ginn. An den 1950er an 1960er war Atlanta en Zentrum vun der Biergerrechtsbeweegung, mat Aktiviste wéi dem Martin Luther King a villen aneren.
Och haut nach ass Atlanta eng national an international Transportplatform. Den Hartsfield–Jackson Atlanta International Airport ass de Fluchhafen dee weltwäit déi héchste Passagéierzuelen zielt. Mat engem PIB vu 406 Milliarden USD huet Atlanta déi zéngt-gréisste Wirtschaft vun alle Stied an den USA an déi zwanzeg-gréissten Ekonomie vun vun alle Stied weltwäit. Si gëllt als diversifiéiert. Dominant Industrie sinn am Secteur vum Transport, Loft- a Raumfaart, Logistik, Gesondheetswiesen, Medien, Film- an Televisiounsproduktioun, Informatiounstechnologie, Finanzen a biomedezinesch Fuerschung. Zu de groussen Entreprise mat Sëtz zu Atlanta zielen ënner anerem The Coca-Cola Company, Delta Air Lines a CNN.
D'olympesch Summerspiller 1996 waren zu Atlanta.
Biller vun AtlantaÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Atlanta – Biller, Videoen oder Audiodateien |