Olympesch Wanterspiller 2014

D'Olympesch Wanterspiller 2014, offiziell XXII. Olympesch Wanterspiller, si vum 7. bis den 23. Februar 2014 zu Sotschi ofgehale ginn.

XXII. Olympesch Wanterspiller
Motto Waarm. Cool. Däint
Land Russland
Stad Sotschi, Krasnaja Poljana
Ufanksdatum 7. Februar 2014
Schlussdatum 23. Februar 2014
opgemaach vum/vun der Wladimir Putin
Olympeschen Eed Ruslan Albertowitsch Sacharow
Olympesch Fakel Wladislaw Alexandrowitsch Tretjak
Ekippen 88
Athleeten 2.780
Spiller virdrun Olympesch Wanterspiller 2010
Spiller duerno Olympesch Wanterspiller 2018
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/sochi-2014
Russeschen Timber mat den dräi Maskottercher: Leopard, Hues an Äisbier

Et gouf zwou Competitiounsplazen: den Olympiapark Sotschi (Küsteregioun) a Krasnaja Poljana (Schnéiregioun).

D'offiziellt Motto vun de Spiller gouf am September 2012 bekannt ginn an housch "Hot. Cool. Yours" (Жаркие. Зимние. Твои  -  Waarm. Cool. Däint).

Participanten änneren

Et hunn 2.780 Athleeten aus 88 Natiounen um Tournoi deelgeholl. De Schilaangleefer Kari Peters huet als eenzege Sportler Lëtzebuerg zu Sotschi representéiert[1].

Disziplinnen a Kalenner änneren

Mat zwielef neie Concourse gouf et 2014 a Russland déi bis dohi gréisst Erweiderung vum Programm.

Februar
Dag 7. 8. 9. 10. 11. 12. 13. 14. 15. 16. 17. 18. 19. 20. 21. 22. 23. G
Erëffnung
Biathlon 11
Bob 3
Curling 2
Äishockey 2
Äiskonschtlaf 5
Äisschnelllaf •• 12
Freestyle •• 10
Rennschlitt 4
Shorttrack •• ••• 8
Skeleton 2
Alpinschi 10
Nordesch Schi •• •• 12
Schisprangen 4
Nordesch Kombinatioun 3
Snowboard •• •• 10
Ofschloss
Entscheedungen 5 8 5 8 6 6 6 7 5 6 5 8 6 7 7 3 98
• = Medailenentscheedungen

Medailen änneren

Zu Sotschi goufen am Ganzen 1300 Gold-, Sëlwer- a Bronzmedaile verginn. All Medail hat en Duerchmiesser vun 10 cm an an der Mëtt en hallefkreesfërmege Polykarbonat-Asaz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Wanterspiller 2014 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Laangleefer Peters packt Olympia-Norm eng zweet Kéier wort.lu 13. Dezember 2013