Olympesch Summerspiller 2008

Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Olympesch Summerspiller 2008, offiziell d'Spiller vun der XXIX. Olympiad genannt, goufe vum 8. bis de 24. August 2008 zu Peking organiséiert. Et waren déi éischt Olympesch Spiller an der Volleksrepublik China.

Spiller vun der XXIX. Olympiad
Olympesch Summerspiller
Maskottchen Fuwa
Land China
Stad Peking
Ufanksdatum 8. August 2008
Schlussdatum 24. August 2008
opgemaach vum/vun der Hu Jintao
Olympeschen Eed Zhang Yining, Huang Liping
Olympesch Fakel Li Ning
Kompetitiounen 302 an 28 Sportaarten
Ekippen 204
Athleeten 10.942
Spiller virdrun Olympesch Summerspiller 2004
Spiller duerno Olympesch Summerspiller 2012
Um Spaweck https://olympics.com/en/olympic-games/beijing-2008

Déi allermeescht, mä net all d'Kompetitioune waren zu Peking selwer. Sou goungen d'Seegler zu Qingdao op d'Waasser a Foussball gouf nieft der Haaptstad och zu Qinhuangdao, Shanghai, Shenyang an Tianjin gespillt. D'Reide war zu Hong Kong a gouf dowéinst och net vum chineeseschen nationalen olympesche Comité, mä vun deem vun Hong Kong organiséiert.

D'Haaptareena vun de Spiller war den Nationalstadion vu Peking.

Participanten änneren

Et waren 11 028 Athleeten aus 204 Länner um Start. Lëtzebuerg war mat 13 Olympionike vertrueden:

De Liichtathleet David Fiegen war qualifizéiert, huet awer wéinst Krankheet missen op eng Participatioun verzichten.

Fändeldréier änneren

De Schwëmmer Raphaël Stacchiotti huet de Fändel vu Lëtzebuerg bei der Erëffnungszeremonie gedroen.

Kompetitiounen änneren

Bei de Spiller 2008 gouf an 28 Sportaarten an an zesummen 302 Disziplinne géintenee konkurréiert.

Lëscht vun den olympesche Sportaarten 2008 an der Zuel vun den Disziplinnen (a Klameren):

  •   Handball (2)
  •   Judo (14)
  •   Kanu (17)
  •   Liichtathleetik (47)
  •   Moderne Pentathlon (2)
  •   Reiden (6)
  •   Ringen (18)
  •   Rudderen (14)
  •   Schéissen (15)
  •   Schwammen¹ (34)
  •   Seegelen (11)
  •   Softball (1)
  •   Synchronschwammen¹ (2)
  •   Taekwondo (8)
  •   Tennis (4)
  •   Triatlhon (2)
  •   Turnen² (18)
  •   Waasserball¹ (2)
  •   Waassersprangen¹ (8)
  •   Vëlossport (18)
  •   Volleyball (4)

¹ = Schwammen, Synchronschwammen, Waasserball a Waassersprange gi vum IOC als Waassersport zesummegefaasst.
² = Sportgymnastik an Trampolinturnen ginn zum Turne gerechent.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Olympesch Summerspiller 2008 – Biller, Videoen oder Audiodateien