Olympesch Summerspiller 1968
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Olympesch Summerspiller 1968, offiziell Spiller vun der XIX. Olympiad, goufe vum 12. bis de 27. Oktober 1968 zu Mexiko-Stad a Mexiko organiséiert.
- Op de Summerspiller 1968 waren déi zwéin däitsch Staaten (BRD an DDR) fir d'éischt mat getrennten Ekippe vertrueden.
- Nodeems 40 afrikanesch Staate gedreet haten, d'Spiller ze boykottéieren, goufe Südafrika a Rhodesien (haut Simbabwe) vun de Spiller ausgeschloss.
- 1968 goufe fir d'éischt Dopingtester gemaaach.
- De Judo war net méi um olympesche Programm derbäi.
- Bei Studentenonroue géint d'Olympesch Spiller zéng Deeg virun der Ouverture, si beim Massaker vun Tlatelolco tëscht 200 an 300 Studenten ëmkomm.
Spiller vun der XIX. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Land | Mexiko |
Stad | Mexiko-Stad |
Ufanksdatum | 12. Oktober 1968 |
Schlussdatum | 27. Oktober 1968 |
opgemaach vum/vun der | Gustavo Díaz Ordaz |
Olympeschen Eed | Pablo Garrido |
Olympesch Fakel | Enriqueta Basilio |
Kompetitiounen | 172 an 18 Sportaarten |
Ekippen | 112 |
Athleeten | 5.516 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1964 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1972 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/mexico-city-1968 |
Participanten
ännerenEt hunn 112 Natioune mat am Ganze 5.516 Olympioniken (781 Fraen a 4.735 Männer) bei 172 Kompetitiounen a 18 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
ännerenLëtzebuerg war zu Mexiko-Stadt mat 5 Athleete vertrueden. D'Lëtzebuerger hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 12. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Participante pro Sportaart
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Olympesch Summerspiller 1968 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1968 op: