Emil Haag

lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker, a Gewerkschaftler

Den Emil Haag, gebuer de 24. Juli 1942 zu Hënsdref, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker, a Gewerkschaftler.

Emil Haag
Gebuer 24. Juli 1942
Hënsdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Professer, Journalist, Gewerkschaftler, Schrëftsteller, Historiker

Biographie änneren

Den Emil Haag huet seng Secondairesstudien am Dikrecher Kolléisch gemaach[1]. No de Cours supérieurs an der Stad Lëtzebuerg goung hien d'éischt op Aix-en-Provence an dunn op Paräis Geschicht studéieren.

Nom Militärdéngscht an nom lëtzebuergeschen Doktorat (1968) gouf hie Professer am Stater Kolléisch. 1981 gouf hien 'Directeur adjoint', a vun 1993 bis 2007 war hien Direkter vum Kolléisch.

Vun 1969 un huet den Emil Haag och op der europäescher Antenn vun der Miami University (Ohio), dem John Dolibois Center an der Stad, spéider zu Déifferdeng dozéiert. Hie war och zwee Joer laang Guest Lecturer op der Miami University an Amerika (1971-1973). Do krut hien en "Award for outstanding teaching".

Vun 1973 bis 1980 huet hie Recherchen am lëtzebuergeschen Nationalarchiv gemaach, a vun 1980 u war hie Chargé de cours fir Zäitgenëssesch Geschicht am deemolege Centre universitaire de Luxembourg.

Den Emil Haag ass zanter 1978 membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal, an zanter 2008 President vun der Union luxembourgeoise pour l'histoire et le patrimoine (ULHP).

Vun 1987 bis Dezember 2016 war den Emil Haag Nationalpresident vun der CGFP[2]. Den 12. Dezember 2016 gouf hie vum Romain Wolff, bis ewell Generalsekretär, als Nationalpresident vun der CGFP ofgeléist.

Tëscht 2000 an 2015 (dräi Mandater vu fënnef Joer) war hien och President vun der Beruffschamber vun der Fonction publique. Den 29. Juni 2015 gouf hie vum Romain Wolff un der Spëtz vun der Beruffschamber vun de Staatsbeamten ofgeléist; hien dréit zanterhier den Titel Éierepresident.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles ; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • The Rise of Luxembourg from Independence to Success. 1815 - 2015: A Historical Portrait - Two Hundred Years of modern Luxembourg History; Lëtzebuerg (Sankt Paulus Verlag), 2015; 319 Säiten (ill.).
  • Les gouvernements luxembourgeois face aux grandes crises 1867, 1919, 1940. In: Mémorial 1989 - La société luxembourgeoise de 1839 à 1989; Les Publications mosellanes, 1989; S. 144-155.
  • (mam Émile Krier): 1940 - L'année du dilemme. La Grande-Duchesse et son gouvernement pendant la Deuxième Guerre mondiale. Luxembourg: RTL-édition, 1987; Esch-sur-Alzette, Éditpress.
  • Die Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst (Gedelit). In: Hémecht, Jg. 28(1976), H. 1, p. 5-26; H. 2, S. 101-128; H. 3, S. 285-320; Jg. 29(1977), H. 2, S. 133-171.
  • Was wollte Bismarck mit der Luxemburger Affäre 1867 ? In: Hémecht, Jg. 23(1971), H. 1, S. 43-58.
  • Der Luxemburger Staat - der "eingebildete Kranke"  ; in: Télécran 02 / 2013; S. 34-35.
  • <<La nationalité luxembourgeoise, épine dorsale de l'État>> - Émile Haag, président du [sic] CGFP, explique la position de son syndicat sur la question du droit de vote des étrangers et de la nationalité ; in: forum, Nr. 326, Februar 2013; Ss. 38-40.
  • Petite flânerie dans les méandres du passé... - <<La chance sourit à ceux qui la saisissent.>> , 1. Deel; in: annALes de l'Athénée / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, 07/2013-2014; Lëtzebuerg (Drock: saint-paul luxembourg), Sept. 2014; Ss. 366-371 (ill.); 2. Deel; in: annALes de l'Athénée / d'annALe vum Staadter Kolléisch, 08/2014-2015; Sept. 2015; Ss. 333-341 (ill.); 3. Deel; in: annALes de l'Athénée (...), 09/2015-2016; August 2016; Ss. 360-365 (ill.); 4. a leschten Deel, L'émergence du Luxembourg contemporain 1959 ->; in: annALes de l'Athénée (...), 10/2016-2017; September 2017; Ss. 482-487 (ill.).
  • Une expérience athénienne (1967-2007); in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; hei, Band I, Ss. 152-156.

Literatur änneren

  • mt, "Man muss die Schule attraktiver gestalten" - Gespräch mit dem neuen Direktor des Athenäums, Prof. Émile Haag ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 16. Juli 1993.
  • Margaret Ferns, International Baccalaureate in English at the Athénée de Luxembourg - Director Émile Haag explains reasoning and application ; in: 352 Luxembourg News, Nr. 173, 29. Mäerz 2007; Ss. 4-5 (= cover story).
  • Roland Houtsch, Wort-Gespräch mit Émile Haag: Lernen als persönliche intellektuelle Anstrengung - Der frühere Athénée-Direktor befindet sich in höchst aktivem Ruhestand ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 15. Oktober 2007, S. 15.
  • Steve Heiliger, Kurzinterview - Eine Geschichte mit vielen Gesichtern - Anhand von Porträts namhafter Persönlichkeiten zeichnet CGFP-Nationalpräsident Émile Haag die Geschichte Luxemburgs auf eine originelle Weise auf ; in: fonction publique, Nr. 217, Oktober 2011; S. 6.
  • Jeff Baden, "Le Luxembourg - une réussite originale au fil des siècles" - Comment nous sommes devenus ce que nous voulons rester - Grouss Personnagen, wichteg Plazen an Epoche vu gëschter an haut ; in: Die Warte / Perspectives, Nr. 35|2349, S. 2; Kulturbäilag vum Luxemburger Wort, Ausgab vum 8. Dezember 2011.
  • [?], Une autre histoire - Luxembourg (sic!), une réussite originale - Émile Haag livre une vision fascinée de l'histoire du pays ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 15. Dezember 2011.
  • Renée Wagener, Histoire nationale - La riposte des Anciens; in: woxx, Nr. 1142-1143, 23. Dezember 2011; Ss. 18-19.
  • Max Lemmer, Führungswechsel - Wolff folgt auf Haag - Neuer Vorstand des Staatsbeamtenkammer gewählt; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Juni 2015.
  • F.P. (= Fonction publique)-Interview, Si c'était à refaire, je le referais; in: Fonction publique, Nr. 251, Mee-Juni 2017; Ss. 4-5 (ill.).
  • Marcel Kieffer, Luxemburg von 1815 bis 2015: Das globale Dorf - "The Rise of Luxembourg", die historische Legitimation einer besonderen Erfolgsgeschichte; in: Die Warte vum 2. Juli 2015), Nr. 21|2478, S. 5.
  • Kim Meyer, Fordernd, aber fair - Nach fast 30 Jahren an der Spitze der CGFP legt Émile Haag seinen Vorsitz nieder; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 12. Dezember 2016; S. 2 (mat 2 Fotoen).
  • Edouard Kayser, Les Directeurs de l'Athénée depuis 1817; vgl. den 3. Deel, in: d'annALe vum Staadter Kolléisch, Bd. 10 / 2016-2017, Ss. 466-479 (ill., Bibliographie); d'Notiz vum Emil Haag ass op de Ss. 474-476.
  • Edouard Kayser, Les directeurs de l'Athénée (1817-2017) - Notices biographiques; in: De Kolléisch 2017, Band I/II; Lëtzebuerg, 2018; Ss. 64-97 (ill., Bibliogr.). - Émile Haag, Ss. 90-92.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Amicale des anciens. Gekuckt de(n) 27 Dezember 2019.
  2. Emil Haag gëtt Presidence no 30 Joer of
  3. Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn Gearchiveerd op 2020-01-21. Gekuckt de(n) 2013-01-01.