Regierung Santer-Poos II

Koalitiounsregierung

D'Regierung Santer-Poos II ass eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ervirgaange war. Si ass den ass de 14. Juli 1989 vereedegt ginn an huet aus 10 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen.

Den 9. Dezember 1992 koum et zu enger Regierungsëmbildung, wéi de René Steichen zum Member vun der Europäescher Kommissioun ernannt gouf, zoustänneg fir Landwirtschaft ënner dem President Jacques Delors. A seng Plaz koum d'Marie-Josée Jacobs.

Zesummesetzung änneren

  • Jacques Santer (CSV): Premierminister; Staatsminister; Budgetsminister; Kulturminister
  • Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun; Arméiminister
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Famill a Solidaritéit; Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus
  • Jean Spautz (CSV): Inneminister; Wunnengsbauminister a Minister fir Urbanismus
  • Jean-Claude Juncker: Finanzminister, Aarbechtsminister
  • Marc Fischbach (CSV): Erzéiungsminister; Justizminister; Minister vun der Ëffentecher Verwaltung
  • Johny Lahure (LSAP): Gesondheetsminister; Minister fir d'Sozial Sécherheet, Minister fir Sport, Minister fir Jugend.
  • René Steichen (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Delegéierte Minister fir Kultur a Fuerschung (den 9. Dezember 1992 ersat duerch d'Marie-Josée Jacobs)
  • Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Minister fir Ëffentlech Aarbechten; Transportminister
  • Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Minister fir Energie; Minister fir Kommunikatioun.
  • Georges Wohlfart (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir d'Arméi.
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Staatssekretärin fir Gesondheet a Sozialversécherung; Staatssekretärin fir Sport a Jugend.

Um Spaweck änneren