Regierung Santer-Poos III

Koalitiounsregierung

'Regierung Santer-Poos III ass eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 12. Juni 1994 ervirgaange war. Si ass den ass den 13. Juli 1994 vereedegt ginn.

Si huet aus 11 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.

De 26. Januar 1995 ass d'Regierung ëmgebildt an de Jean-Claude Juncker Premierminister ginn, nodeem de Jacques Santer vu senger Funktioun als Premier zeréckgetruede war, fir President vun der Europäescher Kommissioun ze ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Regierung Juncker-Poos.

Zesummesetzung änneren

  • Jacques Santer (CSV): Premierminister; Staatsminister; Kulturminister
  • Jacques Poos (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister, Minister fir Aussenhandel a Kooperatioun
  • Fernand Boden (CSV): Minister fir Famill a Solidaritéit; Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus; Minister vun der Ëffentlecher Verwaltung
  • Jean Spautz (CSV): Inneminister; Wunnengsbauminister
  • Jean-Claude Juncker: Finanzminister, Aarbechtsminister
  • Marc Fischbach (CSV): Erzéiungs- a Fuerschungsminister; Justizminister;
  • Johny Lahure (LSAP): Gesondheetsminister; Ëmweltminister
  • Robert Goebbels (LSAP): Wirtschaftsminister; Minister fir Ëffentlech Aarbechten; Energieminister
  • Alex Bodry (LSAP): Minister fir Landesplanung; Arméiminister; Minister fir Sporterzéiung a Sport; Jugendminister
  • Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Delegéiert Ministesch fir Kultur
  • Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Ministesch fir Sozialversécherung; Transportministesch; Kommunikatiounsministesch
  • Georges Wohlfart (LSAP): Staatssekretär fir Aussebezéiungen, Aussenhandel a Kooperatioun; Staatssekretär fir Ëffentlech Aarbechten.

Um Spaweck änneren