Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg

lëtzebuergesche Verdéngschtuerden
Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerungen, bis dëse Message verschwonnen ass oder kontaktéiert de Benotzer (GilPe), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann Dir näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen, nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg ass e lëtzebuergesche Verdéngschtuerden deen den 23. Januar 1961 zu Éiere vum 65. Gebuertsdag vun der Groussherzogin Charlotte agefouert gouf[1].

Commandeur vum Ordre du Mérite (gëtt ëm den Hals gedroen)

Geschicht

änneren

Den Uerden ass an d'Liewe geruff ginn, well et absënns zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich – anescht wéi z. B. a Frankräich oder an der Belsch – zu Lëtzebuerg keen Uerde gouf fir Leit wéinst hire Verdéngschter an hirem Beruff oder fir aner Déngschter déi se geleescht hunn z'éieren. Wann op der anerer Säit den Ordre de la couronne de chêne ze vill mëtschgieweg verdeelt géif, hätt dem säi Wäert méiglecherweis ofgeholl. Et goufe verschidde Projete fir en neien Uerden ze schafen, déi awer ni ëmgesat goufen, bis den Ordre de Mérite dunn uganks 1961 agefouert gouf.

Den Ordre de Mérite ass a 5 Graden opgedeelt[2]:

  •   Grand'Croix
  •   Grand-Officier
  •   Commandeur
  •   Officier
  •   Chevalier

Zum Uerde gehéiert och eng Medail aus Sëlwer, déi mat Gold iwwerzunn ass.

Wien den Ordre de Mérite kréie kann

änneren

Am Kader vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag gëtt den Ordre de Mérite un Deputéiert, Membere vum Staatsrot, Staatsbeamten, Kommunalpolitiker a -beamten, Acteuren aus dem wirtschaftlechen, sozialen, kulturellen oder sportleche Secteur, oder u Fräiwëlleger verginn. E kann och un Auslänner verdeelt ginn, ënnert der Konditioun, datt déi auslännesch Regierung domat averstanen ass.

D'Medail gëtt un déi Honnertjäreg verginn a kann och u Persoune verdeelt ginn, fir se fir Rettungsasäz z'éieren.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 janvier 1961 portant institution de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg. data.legilux.public.lu (23.01.1961). Gekuckt de(n) 13.04.2025.
  2. Schreifweis wéi d'Graden am Arrêté grand-ducal opgezielt sinn