General Mediterranean Holding

General Mediterranean Holding S.A., kuerz GMH, och alt GM Holding, GMH Group, General Mediterranean Group , ass eng lëtzebuergesch Holding-Gesellschaft, déi 1979 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Matgrënner a President ass den englesch-irakesche Geschäftsmann Nadhmi Auchi.

GMH investéiert an deene verschiddenste Branchen, vu Bank a Finanz iwwer Immobilien a Bauentreprisen, Hotellerie a Fräizäitanlagen, Industrie, Handel a Medikamenter, Kommunikatioun an IT, Energie bis hin zur Aviatioun.[1]

Geographesch ass GMH virun allem am südlechen an ëstleche Mëttelmierraum aktiv, ma och soss doruechter, wéi an Europa, Nordamerika an an Asien. Am Ganze participéiert si un enger 120 Gesellschaften, bei deenen am Ganze ronn 11.000 Leit schaffen. Si geréiert en Actif vun iwwer 2 Milliarden Euro.

Zu Lëtzebuerg huet si ë. a. Bedeelegungen an Immobilie fir iwwer 180 Milliounen Euro; hir gehéiert ë. a. den Hotel Le Royal, de Centre Financier an der Neipuerts-Avenue an d'Baufirma Soludec vun Nidderkäerjeng.

Am Verwaltungsrot sinn nieft dem President Nadhmi Auchi den Nasir Abid (Vizepresident), den Anthony Jolliffe, den Adul Hadi Al-Majali, de Jacques Santer (zanter 2001[2]), den David Steel an de Marc Verwilghen. Bis 2009 war och de Laurent Mosar do Member.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. All Informatiounen, wou net anescht uginn, vun der Websäit gmhsa.com (gekuckt 2013-03-03).
  2. "Haftbefehle: Santers irakischer Chef." Der Spiegel 8/2001, S.135.
  3. Memorial C