President vun der Europäescher Kommissioun

De President vun der Europäescher Kommissioun (och nach „Kommissiounspresident“) presidéiert, wéi säin Numm et seet, d'Europäesch Kommissioun (offiziell: „Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten“, dacks, fir et méi einfach ze maachen, „EU-Kommissioun“ oder „d'Kommissioun“ genannt).

Logo vun der Europäescher Kommissioun
Ursula von der Leyen, Kommissiounspresidentin zënter 2019

Op Propositioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun den EU-Memberlänner gëtt de President fir fënnef Joer vum Europäesche Parlament gewielt.

De President ernennt, op Virschlag vun de Regierungen, d'Membere vun der Europäescher Kommissioun, och „Kommissäre“ genannt, déi hirersäits mussen en bloc vum Parlament gestëmmt ginn. Duerch den Traité vun Nice huet de Kommissiounspresident d'Méiglechkeet kritt, d'Portefeuillë vun de Kommissiounsmemberen nei ze verdeelen oder se ze froen, zeréckzetrieden.

D'Vizepresidente vun der Kommissioun ginn och vum President ernannt.

Aufgaben

änneren

De Kommissiounspresident kann déi grouss politesch Linne vun der Kommissioun bestëmmen. Hien organiséiert a leet d'Reunioune vum Kommissiounskollegium (déi gewéinlech all mëttwochs moies sinn).

Hie vertrëtt weiderhin d'Kommissioun, wann den Europäesche Conseil zesummekënnt, bei de Reunioune vum G8 (den 8 gréissten Industrienatiounen) a bei de Sessioune vum Europäesche Parlament.

Geschicht

änneren

Dat haitegt Amt vum President vun der Europäescher Kommissioun geet zeréck op dat vum President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA (Communauté européenne du charbon et de l'acier), dat et zanter 1952 gëtt. Vun Ufank u gouf d'Héich Autoritéit och „Kommissioun“ genannt. 1958 goufen nieft der CECA nach d'Europäesch Atomgemeinschaft (EAG, haut Euratom) an d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG, och nach Europäesch Ekonomesch Communautéit genannt) geschaf.

1967 hunn dës 3 Communautéiten (CECA, EAG an EWG) zu den Europäesche Communautéite fusionéiert; hir Exekutivorganer goufen och zesummegeluecht zur „Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten“.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften.

Lëscht vun de Presidenten

änneren

Presidente vun der Héijer Autoritéit (Kommissioun) vun der CECA

änneren
 
De Walter Hallstein, éischte Kommissiounspresident
 
Gaston Thorn
 
Jean-Claude Juncker a Jacques Santer (1997)
Nr. Numm Vun Bis Heemechtsland Partei Politesch Richtung
1 Jean Monnet 10. August 1952 3. Juni 1955   Frankräich
2 René Mayer 3. Juni 1955 13. Januar 1958   Frankräich SFIO sozialistesch
3 Paul Finet 13. Januar 1958 15. September 1959   Belsch gewerkschaftsno
4 Piero Malvestiti 15. September 1959 22. Oktober 1963   Italien DC chrëschtdemokratesch
5 Dino Del Bo 22. Oktober 1963 28. Februar 1967   Italien DC chrëschtdemokratesch
6 Albert Coppé 1. Mäerz 1967 30. Juni 1967   Belsch CVP chrëschtdemokratesch

Präsidente vun der der Kommissioun vun der Europäescher Atomgemeinschaft

änneren
Nr. Name Beginn der Amtszeit Ende der Amtszeit Heimatstaat Partei Politische Richtung
1 Louis Armand 7. Januar 1958 2. Februar 1959   Frankräich
2 Étienne Hirsch 2. Februar 1959 10. Januar 1962   Frankräich
3 Pierre Chatenet 10. Januar 1962 30. Juni 1967   Frankräich UNR konservativ

Präsidente vun der der Kommissioun vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft

änneren
Nr. Numm Vun Bis Heemechtsland Partei Politesch Richtung
1 Walter Hallstein 10. Januar 1958 30. Juni 1967   Däitschland CDU chrëschtdemokratesch

Präsidente vun der (fusionéierter) Kommissioun vun den Europäesche Communautéiten respektiv der Europäescher Unioun

änneren
Nr. Numm Vun Bis Heemechtsland Partei Politesch Richtung /

Europäesch Partei

1 Jean Rey 6. Juli 1967 30. Juni 1970   Belsch PRL liberal
2 Franco Maria Malfatti 1. Juli 1970 21. März 1972   Italien DC chrëschtdemokratesch
3 Sicco Mansholt 22. Mäerz 1972 5. Januar 1973   Holland PvdA sozialdemokratesch
4 François-Xavier Ortoli 6. Januar 1973 5. Januar 1977   Frankräich UDR konservativ
5 Roy Jenkins 6. Januar 1977 5. Januar 1981   Vereenegt Kinnekräich Labour PES
6 Gaston Thorn 6. Januar 1981 5. Januar 1985   Lëtzebuerg DP ALDE
7 Jacques Delors 6. Januar 1985 22. Januar 1995   Frankräich PS PES
8 Jacques Santer 23. Januar 1995 15. Mäerz 1999   Lëtzebuerg CSV EVP
9 Manuel Marín 16. Mäerz 1999 15. September 1999   Spuenien PSOE PES
10 Romano Prodi 16. September 1999 21. November 2004   Italien La Margherita EDP
11 José Manuel Barroso 22. November 2004 31. Oktober 2014   Portugal PSD EVP
12 Jean-Claude Juncker 1. November 2014 30. November 2019   Lëtzebuerg CSV EVP
13 Ursula von der Leyen 1. Dezember 2019 aktuell   Däitschland CDU EVP

Kuckt och

änneren
  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck

änneren