Kommissioun Santer gëtt d'Europäesch Kommissioun ënner dem Kommissionspresident Jacques Santer genannt, déi vun 1995 bis 1999 am Amt war. Si war d'Nofollgerin vun der Kommissioun Delors III.

Géint d'Enn vun hirem Mandat koum et zu enger politescher Affär ëm Onstëmmegkeete wéinst Personal, dat ënner dubiéisen Ëmstänn agestallt gi war. Dorënner war och e 'Beroder' vun der franséischer Kommissarin Édith Cresson, deen eng Zänndokteschausbildung hat, ma an der Generaldirektioun Fuerschung agestallt gi war.

Nodeems d'Europäescht Parlament dermat gedreet huet, e Mësstrauensvote z'organiséieren, ass déi ganz Santer-Kommissioun de 15. Mäerz 1999 zeréckgetrueden. Am Reglement vun deemools war net virgesinn, datt de Kommissiounspresident eenzel Membere vu senger Kommissioun entloosse kéint.

No enger kuerzlieweger Iwwergankskommissioun ënner dem fréiere Vizepresident Manuel Marín koum géint Enn 1999 eng nei Kommissioun ënner dem Romano Prodi un d'Rudder.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Prodi.

De Jacques Santer als Kommissiounspresident
Portefeuille Commissaire Memberstaat national Partei Europapartei
President Jacques Santer Lëtzebuerg CSV EVP
Vizepresident, Handel Leon Brittan Vereenegt Kinnekräich Conservative ED
Vizepresident, Relatioune mam Mëttelmierraum, Latäinamerika a mam Mëttelsen Osten Manuel Marín Spuenien PSOE SPE
Industrie an Informatiouns- an Telekommunikatiounstechnologie Martin Bangemann Däitschland FDP ELDR
Konkurrenz Karel Van Miert Belsch PS SPE
Aussepolitik Hans van den Broek Holland CDA EVP
Relatioune mat Staaten an Afrika, an der Karibik an am Pzifikraum (AKP), a mat Südafrika, Entwécklungshëllef João de Deus Pinheiro Portugal PSD EVP
Beschäftigung, Soziales a Chancegläichheet; Relatioune ma Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité Pádraig Flynn Irland Fianna Fáil
Relatioune mam Europäesche Parlament, Kultur a Politik am audiovisuelle Beräich Marcelino Oreja Aguirre Spuenien PP EVP
Immigratioun, Bannescht Affären a Justiz, Relatioune mam Ombudsman, Finanzkontroll, Bedruchsbekämpfung Anita Gradin Schweden SAP SPE
Wëssenschaft, Fuerschung an Entwécklung Édith Cresson Frankräich PS SPE
Ëmwelt an nuklear Sécherheet Ritt Bjerregaard Dänemark SD SPE
Relatiouen mam Comité vun de Regiounen, Regionalpolitik, Kohäsiounsfonds Monika Wulf-Mathies Däitschland SPD SPE
Euratom a Verkéier Neil Kinnock Vereenegt Kinnekräich Labour SPE
Bannemaart, Servicer, Steieren an Douanesunioun Mario Monti Italien ouni ouni
Landwirtschaft a ländlech Entwécklung Franz Fischler Éisträich ÖVP EVP
Fëscherei, Konsumenteschutz an ECHO Emma Bonino Italien PR
Finanzen a Budget, Wirtschaft, Wärung an Eurostat Yves-Thibault de Silguy Frankräich ouni ouni
Budget,Personal a Verwaltung Erkki Liikanen Finnland SDP SPE
Energie, Mëttel- a Klengbetriber, Tourismus Christos Papoutsis Griicheland PASOK SPE