Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ordre d'Orange-Nassau (op hollännesch: Orde van Oranje-Nassau) ass eng zivil a militäresch hollännesch Auszeechnung, déi de 4. Abrëll 1892 vun der Regentin Emma vu Waldeck-Pyrmont, am Numm vun hirer deemools mannerjäreger Duechter, der spéiderer Kinnigin Wilhelmine vun Holland, geschaf gouf.

D'Plack vum Uerden, déi beim Grand-Croix an Grand-Officier lénks op der Broscht gedroe gëtt

Geschicht änneren

 
D'Ritterkräiz am Ordre Orange-Nassau

1841 huet de Wëllem II. vun Holland als Groussherzog vu Lëtzebuerg den Ordre de la couronne de chêne geschaf. Obschonn et keen offiziellen hollänneschen Uerde war, hunn eng Partie hollännesch Personnalitéiten deen Uerde bis zum Doud vum Wëllem II kritt, bis zum Zäitpunkt also wou Lëtzebuerg net méi a Personalunioun mat Holland war.

D'Noutwennegkeet ass also empfonnt gi, fir en drëtten hollänneschen Uerden (no dem Ordre militaire de Guillaume an dem Ordre du Lion néerlandais) ze schafen.

Am Zweete Weltkrich, gouf dësen Uerde souwuel un hollännesch Zaldoten wéi och u Membere vu Geheimdéngschter, déi zur Liberatioun vun Holland vum däitsche Jach bäigedroen hunn, verginn. Haut ass dësen Uerden d'Haaptauszeechnung an Holland. Mat dem Uerde ginn och Prënzen, Ministeren, Diplomaten an aner Dignitairen aus dem Ausland geéiert.

D'Graden haut änneren

 
D'Officierkräiz am Ordre Orange-Nassau

Ausser dem Kinnek, dee Grand-Maître vum Uerden ass gëtt et 6 Graden:

  • Grand-Croix
  • Grand-Officier
  • Commandeur
  • Officier
  • Chevalier
  • Membre
D'Barretten zanter 1966
 
Grand-Croix
 
Grand-Officer
 
Commandeur
 
Officier
 
Chevalier
 
Member

Insignen änneren

D'Medail vum Uerden ass e Malteeserkräiz am Email, mat an der Mëtt dem gëllene Léiw aus dem hollännesche Wopen. Am wäisse Krees rondrëm steet déi hollännesch Devise: Je Maintiendrai. D'Medail gëtt un engem orangefaarwege Band, dat wäiss a blo agebäert ass, gedroen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ordre d'Orange-Nassau – Biller, Videoen oder Audiodateien