Weltbank

Organisatioun vun de Vereente Natiounen

De Grupp vun der Weltbank ass eng spezialiséiert Ënnerorganisatioun vun de Vereente Natiounen. D'Weltbank an den Internationale Wärungsfong (FMI) goufen 1944 opgrond vun de Beschlëss vun der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. Hire Sëtz, grad wéi dee vun der Schwësterorganisatioun, dem Internationale Wärungsfong, ass zu Washington D.C.. Si beschäftegt 9 300 Persounen. De Grupp vun der Weltbank hat ursprénglech den Zweck, d'Reconstructioun nom Zweete Weltkrich an den zerstéierte Länner ze finanzéieren.Hien ëmfaasst fënnef Organisatiounen, déi hir eege Rechtdsperséinlechkeet hunn:

  • International Bank fir d'Rekonstruktioun an d'Entwécklung (International Bank for Reconstruction and Development – IBRD)
  • International Entwécklungsassociatioun (International Development Association – IDA)
  • International Finanz-Korporatioun (International Finance Corporation – IFC)
  • Multilateral Investitiouns-Garantie-Agentur (Multilateral Investment Guarantee Agency – MIGA)
  • Internationalen Zenter fir d'Bäileeë vun Investitiounsstreidereien (International Center for the Settlement of Investment Disputes – ICSID)
De Sëtz vun der World Bank Group zu Washington D.C.

De Weltbankgrupp ass verwaltungsméisseg verflecht an huet zesummen ee President.

De Begrëff "Weltbank" (am Géigesaz zur "Weltbankgrupp") ëmfaasst nëmmen déi zwou éischt vun de fënnef méi héich opgeféierten Organisatiounen.

Organer änneren

  • Rot vun de Gouverneuren. All Land bezeechent e Gouverneur an e Vizegouverneur, déi all Joer un der Joresversammlung vum FMI deelhuelen. De Rot vun de Gouverneuren hëlt Entscheedungen a grondsätzleche Froen.
  • Exekutivdirectoire, dee verantwortlech ass fir d'Ofwécklung vum deegleche Geschäft.

Generaldirekter an Exekutivdirekteren änneren

  • De Grupp vun der Weltbank gëtt vun engem Generaldirekter (Managing Director), deen och den Exekutivdirektorium presidéiert, geleet. Wéinst enger Ofmachung tëscht den USA a verschiddene westeuropäesche Länner ass de Generaldirekter vun der Weltbank ëmmer en Amerikaner, wärend dee vum Fonds monétaire international, en Europäer ass.
  • D'Generaldirektere vum FMI gëscht an haut:
Amtszäit Numm
Juni - Dezember 1946 Eugene Meyer
Mäerz 1947 - Juni 1949 John Jay McCloy
Juli 1949 - Dezember 1962 Eugene R. Black
Januar 1963 - März 1968 George D. Woods
Abrëll 1968 - Juni 1981 Robert S. McNamara
Juli 1981 - Juni 1986 Alden W. Clausen
Juli 1986 - August 1991 Barber B. Conable
September 1991 - Mee 1995 Lewis T. Preston
Juni 1995 - Mee 2005 James D. Wolfensohn
Juni 2005 bis Juni 2007 Paul Wolfowitz
Juli 2007 bis Juni 2012 Robert Zoellick
Juni 2012 bis Februar 2019 Jim Yong Kim
Zanter Abrëll 2019 David Malpass
  • Den Exekutivdirektorioum setzt sech aus dem Generaldirekter an 24 Exekutivdirekteren, déi vun de Memberlänner gewielt ginn, zesummen Nëmmen déi grouss Länner, wéi China, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Russland verfügen iwwer genuch Stëmme fir hiren eegenen Exekutivdirekter ze bestëmmen. Déi aner Länner musse sech a sougegannten constituencies (Gruppen) zesummeschléissen a fir opgrond vun internen Ofmachungen dann e Vertrieder an den Exekutivdirektorium kënnen ze schécken.

Zil an Aufgaben änneren

D'Vertriedung vu Lëtzebuerg änneren

 
Joersversammlung vum FMI (1980) D'Gouverneure vu Lëtzebuerg (Ernest Mühlen (l.) a Pierre Werner (r.))

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: World Bank headquarters – Biller, Videoen oder Audiodateien