Internationale Wärungsfong
Organisatioun vun de Vereente Natiounen
(Virugeleet vu(n) Fonds monétaire international)
![]() |
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Internationale Wärungsfong (engl.: International Monetary Fund, kuerz IMF, op franséisch Fonds monétaire international, kuerz FMI) ass eng spezialiséiert Organisatioun vun de Vereente Natiounen. Hien huet säi Sëtz zu Washington a gouf 1944, zesumme mat der Weltbank, enger Schwësterorganisatioun, opgrond vun de Beschlëss vun der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. De 27. Dezember 1945 huet den FMI seng Aktivitéiten opgeholl.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/b/b9/Headquarters_of_the_International_Monetary_Fund_%28Washington%2C_DC%29.jpg/280px-Headquarters_of_the_International_Monetary_Fund_%28Washington%2C_DC%29.jpg)
Déi offiziell Aarbechtssprooch vum FMI ass Englesch.
Organisatioun an Aufgaben
ännerenOrganen
änneren- Rot vun de Gouverneuren. All Land bezeechent e Gouverneur an e Vizegouverneur, déi all Joer un der Joresversammlung vum FMI deelhuelen.
- Internationalen Wärungs- und Finanzausschoss (IMFC)
- Exekutivdirektorium
- Internen Evaluatiounausschoss
Den FMI huet ogeféier 2.680 Mattarbëschter aus 184 Länner.
Generaldirekter an Exekutivdirekteren
änneren- Den IMF gëtt vun engem Generaldirekter (Managing Director), deen och de Exekutivdirektorium presidéiert, geleet. Opgrond vun enger Ofmachung tëscht den USA a verschiddene westeuropäesche Länner ass de Generaldirekter vum FMI ëmmer en Europäer, wärend d'Weltbank an der Reegel vun engem Amerikaner geleet gëtt.
- D'Generaldirektere vum FMI gëscht an haut
- 1946–1951 – Camille Gutt
- 1951–1956 – Ivar Rooth
- 1956–1963 – Per Jacobsson
- 1963–1973 – Pierre-Paul Schweitzer
- 1973–1978 – H. Johannes Witteveen
- 1978–1987 – Jacques de Larosière
- 16. Januar 1987 bis 14. Februar 2000 – Michel Camdessus
- 1. Mee 2000 bis 4. Mäerz 2004 – Horst Köhler
- 7. Juni 2004 bis 31. Oktober 2007 – Rodrigo Rato
- 1. November 2007 bis 18. Mee 2011 - Dominique Strauss-Kahn
- 5. Juli 2011 bis 12. September 2019 Christine Lagarde
- Zanter dem 1. Oktober 2019 Kristalina Georgieva
- Den Exekutivdirektorioun setzt sech aus dem Generaldirekter a 24 Exekutivdirekteren zesummen, déi vun de Memberlänner gewielt ginn. Nëmmen déi grouss Länner, wéi China, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Russland verfügen iwwer genuch Stëmme fir hiren eegenen Exekutivdirekter ze bestëmmen. Déi aner Länner musse sech a sougegannte constituencies (Gruppen) zesummenschléisse fir opgrond vun internen Ofmachungen e Vertrieder an den Exekutivdirektorium kënnen ze schécken.
Zil an Aufgaben
ännerenVertriedung vu Lëtzebuerg
änneren- Gouverneur fir Lëtzebuerg beim Fonds monétaire international ass de Finanzminister Gilles Roth. Säi Stellvertrieder ass de President vun der Banque centrale du Luxembourg (BCL) Gaston Reinesch.
- Lëtzebuerg gehéiert zu engem Lännergrupp (constituency), deem:
- Éisträich
- Wäissrussland (Belarus)
- d'Belsch
- Tschechien
- Kasachstan
- Lëtzebuerg
- d'Slowakei
- Slowenien
- Tierkei an
- Ungarn ugehéieren
- an deen duerch den Exekutivdirekter Willy Kiekens (Belsch) a säi Stellvertrieder Johann Prader (Éisträich) am Exekutivdirektorium vum FMI vertrueden ass.
Literatur
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Internationale Wärungsfong – Biller, Videoen oder Audiodateien |