Infinity (Kierchbierg)
Infinity ass den Numm vun engem Ensembel vu Gebaier mat Geschäfter, Büroen a Wunnengen um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Se goufen 2017 bis 2020 no Pläng vum Bernardo Fort-Brescia (Arquitectonica) gebaut.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'11,68"N, 6°8'31,20"O |
Mat 104 Meter ass Infinity, no den dräi Tierm vum Europäesche Geriichtshaff, dat véierthéchst Gebai zu Lëtzebuerg.[1] D'Gebaier stinn tëscht der Avenue John F. Kennedy, der Rue du Fort-Niedergrunewald an der Rue Johannes-Kepler.
Infinity besteet aus dräi Beräicher: Am klengen Tuerm, statersäits, sinn d'Büroe vun der Affekotenetude Allen & Overy, am mëttelste Beräich si Restauranten a Butteker, an am 104 Meter héijen Wunntuerm ginn et, op 25 Stäck, 165 Appartementer.
De Bauhär war de belschen Immobilieninvestisseur Immobel.[2]
Biller
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Infinity (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 04.09.2022. Gekuckt de(n) 25.11.2024.
- ↑ Infinity, Luxembourg. immobelgroup.com, nogekuckt: 25.11.2024.