Aquatower ass den Numm vun engem Waasser- an Aussiichtstuerm an der Gemeng Bäerdref, südwestlech vun der Uertschaft a Richtung Konsdref, laanscht den CR137.

Den neie Waasser- an Aussiichtstuerm zu Bäerdref (2015)

Mat 55,72 Meter ass et, no deem vu Leideleng, deen zweethéchste Waassertuerm aus dem Land. En huet 13,6 m Duerchmiesser a ka 500 Kubikmeter Drénkwaasser tëschespäicheren.

Am Tuerm féieren Trapen an och e Lift no uewen. Um 10. Stack gëtt et eng kleng Ausstellung iwwert d'Waasser an d'Geologie an um 15. ass eng Panoramaplattform. Den Tuerm kann d'ganz Joer iwwer besichtegt ginn.

Um Daach vum Tuerm steet eng Vertikalwandturbinn déi déi néideg Energie fir den Tuerm liwwere soll.[1]

De Grondstee vum Aquatower gouf am Mee 2012 geluecht. E gouf Enn 2014 a Betrib geholl an den 2. Abrëll 2015 ageweit.[2] En huet 6,5 Milliounen Euro kascht. Architektebüro war Schroeder & Associés, zesumme mam Romain Schmiz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Aquatower – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Um Aquatower-Bäerdref steet dat 1. Wandrad vun dëser Zort, dat vun enger Lëtzebuerger Firma entwéckelt a gebaut gouf. Gearchiveerd op 2015-02-23. Gekuckt de(n) 2015-04-04.
  2. Websäit vum Aquatower zu Bäerdref