Viaduc vu Schengen
De Viaduc vu Schengen ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer dem Museldall tëscht Schengen a Perl, déi vun 1998 bis 2002 gebaut gouf. Se ass am Juli 2003 fir de Verkéier opgaang.
Si verbënnt déi lëtzebuergesch Autobunn A 13 mat der däitscher A8 oder Saarautobunn genannt.
Et ass eng Cantilever- oder Ausleeërbréck an d'Trägere bestinn aus verwëlleften huele Këschten. D'Bréck mécht eng Kéier mat engem Radius vun 1.100 m. Se besteet aus zwou parallele Brécken; den Deel de Floss erop ass 597 m laang an deen aneren huet 607 m. Dat gréisst Feld ass 130 m laang an d'Bréck huet eng Gesamtbreet vun 28,5 m.
Et ass eng vu fënnef Brécken iwwer d'Musel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. Déi aner véier Brécke sinn:
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- De Viaduc vu Schengen bei Ponts et Chaussées
- Broschür vun de Ponts et Chaussées (download)
- De Viaduc vu Schengen bei structurae.de
- (de) Viadukt Altwies / Moselbrücke Schengen bei dillinger.de