Sender vun Diddeleng
De Sender vun Diddeleng um Ginzebierg ass eng Anlag vun RTL fir Radios- an Televisiounssendungen. E war fréier, éier et Satellitte gouf, och fir Transmissioune vun europawäite Sendungen eng Relaisstatioun fir d'Eurovision.
Vun do gi Sendungen a follgende Beräicher verbreet:
- Televisoun
- 1 Sender VHF vun 100 kW PAR
- 3 Senderen UHF vun 200 kW bis 1000 kW PAR
- Radio-UKW
- 3 Sendere vun 100 kW PAR
D'Anlag besteet aus engem administrativen an technesche Gebai, Wunnenge fir d'Techniker, an engem Sendetuerm donieft, a si stinn op engem klenge Plateau um Ginzebierg, eng vun den héchste Koppen ëm Diddeleng op enger Héicht vu 417, 5 m (NG-L).
De Sendetuerm besteet aus engem Gittermast an enger Antenn, déi zesummen 299 m héich sinn.
En ass an tëscht 1956 an 1957 opgeriicht gi fir eng méi kleng Anlag z'ersetzen. Am Ufank war e méi héich, mä no engem Accident, den 31. Juli 1981, wéi e belsche Mirage IIIE dragerannt war, a bei deem ausser dem Pilot vum Fliger ee Mataarbechter vun RTL mat senger Fra ëm d'Liewe koumen, gouf de Gittermast op d'Héicht vun 285 m nei opgeriicht. Bei där Fléckerei ass och déi iewescht Antenn e bësselchen ausser Senkel geroden.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sender vun Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Sender op der Skysrapersäit
- http://pagesperso-orange.fr/tvignaud/galerie/etranger/lu-dudelange.htm
- Säit iwwer de Sender op Structurae
- Steve Remesch, Feuerball am Himmel - Am 31. Juli 1981 zerschellt ein belgischer Militärjet am Sendeturm in Düdelingen am Wort vum 31. Juli 2018, S.11 an op wort.lu