Victor-Bodson-Bréck
D'Victor-Bodson-Bréck ass eng Schréiseelbréck zu Hesper iwwer den Uelzechtdall, iwwer déi op zweemol zwou Spueren d'Autobunn A1 féiert.
Geographie | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Plaz | Hesper |
Koordinaten |
49° 34’ 45.04’’ N 06° 09’ 10.79’’ O |
Funktioun | |
Benotzt als | Stroossebréck - A1 / E44 |
Féiert iwwer |
Uelzecht N3 |
Stroossekilometer | 1,500 |
Technesch Detailer | |
Bréckentyp | Schréiseelbréck |
Totallängt | 260 |
Felder/Béi | 2 × 130 m |
Breet | 27 |
Héicht | 45 m iwwer Talweg |
Héicht vum Pilier | 106,25 m |
Material | Bëtong / Stol |
Bemierkungen | |
Opgaangen | 1993 |
Architekt(en) Konzeptioun |
Felix Thyes Bureau Greisch (Statik) Schroeder & associés (Avant-projet) |
Se gouf 1993 fäerdeg, ass 260 Meter laang, 27 Meter breet a féiert an enger Héicht vu 40 Meter iwwer d'Uelzecht. De Potto, un deem d'Seeler festgemaach sinn, huet eng Totalhéicht vun 106,25 Meter. Domat ass et eng vun den héchste Konstruktiounen zu Lëtzebuerg.
Se ass nom Victor Bodson, deen ë. a. Transportminister war, benannt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Victor-Bodson-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Bréck op der Websäit vu Ponts et Chaussées
- D'Bréck op der Websäit vu structurae.de/