Kierch Lëtzebuerg-Belair

D'Kierch vu Lëtzebuerg-Belair ass eng kathoulesch Kierch um Belair déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

Kierch vu Lëtzebuerg-Belair
Den 69 m héijen Tuerm

Den 69 m héijen Tuerm
Den 69 m héijen Tuerm
Uertschaft / Plaz Lëtzebuerg - Belair
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Pius
Konsekratioun 1957
Architekt(en) Laurent Schmit
Baujoer 1954-55
Koordinaten 49° 36’ 38.8’’ N
      06° 06’ 29.0’’ O
D'Belairer Parkierch

D'Belairer Parkierch
D'Belairer Parkierch
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass de hellege Pius, dee just een Dag ier de Grondstee geluecht gouf helleggesprach gouf, zweet Patréinesch ass d'helleg Theresia vu Lisieux.

Se steet um Belair op der Kräizung vun der Avenue Gaston Diderich mat der Rue d'Amsterdam an der Rue Théodore Eberhard.

Geschicht änneren

De Grondstee fir d'Belairer Kierch gouf den 30. Mee 1954 duerch de Bëschof Léon Lommel geluecht. D'Kierch gouf no de Pläng vum Laurent Schmit gebaut an den 9. Mäerz 1957 vum Bëschof Léon Lommel geweit. Et war déi éischt Kierch am Land mat engem Tuerm, dee fräi steet, an dee mat sengen 69 Meter den héchsten am Land ass. Déi Beggener Kierch, déi 1936/37 gebaut gouf, huet zwar och e separaten Tuerm, mä dee gouf méi spéit eréischt an de Joren 1963/64 gebaut.

D'Fënsteren änneren

Et si Glasbëtongfënsteren (dalle de verre) vum François Gillen. Déi 7 grouss hunn als Sujet "L'Eucharistie en rapport avec les 7 oeuvres de la miséricorde corporelle". Vum Altor aus:

  1. deenen déi Honger hunn z'iesse ginn
  2. deenen déi Duuscht hunn ze drénke ginn
  3. déi déi keen Dach iwwer dem Kapp hu logéieren
  4. deenen déi net ugedoe si Kleeder ginn
  5. déi Gefaange besiche goen
  6. déi déi leide besiche goen an hiert Leed erliichteren
  7. déi Doudeg begruewen

Kräizwee änneren

Déi 14 Statioune vum Kräizwee si liicht abstrakt a stame vum Ben Heyart.

Klacken änneren

Déi véier Klacke goufen an der Klackegéisserei Causard zu Colmar gegoss.
Déi déck ass dem Poopst Pius X. dem Patréiner vun der Kierch, an déi dräi aner der helleger Theresia vu Lisieux, dem hellege Franziskus vun Assisi an dem hellege Johannes den Deefer geweit.

De 16. November 2014 goufe vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich 6 nei Klacken ageweit, déi an der Klackegéisserei vun der Abtei Maria Laach aus dem ageschmoltene Metall vun deene véier ale Klacke gegoss goufen. Déi véier al Klacke goufen 2011 fir d'lescht gelaut, nodeems sech erausgestallt hat, datt hir Schwéngunge net am Aklang mat der Statik vum Kierchtuerm wieren.[1] De Kierchtuerm gouf an der Tëschenzäit sanéiert.

D'Klacke goufen dem Poopst Pius X., der helleger Theresia vu Lisieux, dem hellege Franziskus vun Assisi, dem hellege Johannes den Deefer, dem hellege Jousef an dem Charles de Foucauld geweit.

D'Klacke vun der Belairer Kierch lauden an der Dispositioun fa dièse, mi bémol, re, do dièse, si bémol a la (fis, e, d, cis, h', a').

Uergel änneren

D'Uergel, vun der Stroossbuerger Uergelmanufaktur Roethinger, gouf de 16. Februar 1958 ageweit.

Literatur änneren

  • Bange Evamarie, 2007, Belairer Kirche feierte fünfzigstes Wiegenfest, ons stad, 84: 50-52 [1]
  • 50 Jor Por Belair: 1935-1985: Broschür

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Neue Stimmen für die Kirche vom Belair, Luxemburger Wort vum 18. November 2014, S. 24