De Sender vu Blaaschent ass en 91m héije stolen Tuerm op engem Bierg beim Duerf Blaaschent an der Gemeng Luerenzweiler, dee fir UKW-Sendunge vu L'essentiel Radio (virdrun: DNR) op der Frequenz 107,7 MHz[1], sou wéi och Mobil-/Richtfunk, benotzt gëtt.[2] Déi um asphaltéierte Stroossereseau erreechbar Plaz läit op 423,1 m (NG-L). Um Fouss vum Tuerm ass en Depot mat engem Haischen.

Sender vu Blaaschent
Land Lëtzebuerg
Gemeng Luerenzweiler
Koordinaten 49° 42’ 40’’ N
      06° 09’ 59’’ O

Iwwer e Feldwee kann een an ëstlecher Richtung (ca. 300m) eng Plaz am Préventbësch nobäi erreechen, déi op 435,8m läit, an domat déi héchst Plaz vun der Gemeng Luerenzweiler ass. An dësem Bësch konnte seele Käferzorte nogewise ginn.[3]

Referenzen an Notten änneren

  1. Règlement grand-ducal du 28 juillet 2014 établissant la liste des fréquences de radiodiffusion luxembourgeoises visée à l'article 4 de la loi modifiée du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-08-29.
  2. Fernmeldeturm Blaschette (Lorentzweiler). Structurae. Gekuckt de(n) 2020-08-29.
  3. Gerend, Raoul (2008): Nachweise neuer und bemerkenswerter Käfer für die Fauna Luxemburgs (Insecta, Coleoptera). Bull. Soc. Nat. luxemb. 109. Gekuckt de(n) 2008.