Francine Closener

D'Francine Closener, gebuer den 29. Dezember 1969 zu Stengefort, ass eng lëtzebuergesch Journalistin a Politikerin (LSAP).[1]

Francine Closener
Gebuer 29. Dezember 1969
Stengefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Jay Schiltz
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No hirer Première am Stater Lycée Michel-Rodange huet si e Studium zu Bréissel ugefaangen. 1993 huet si hiren Ofschloss am Beräich Journalismus a Kommunikatioun gemaach an d'Joer drop ugefaangen als politesch Journalistin bei RTL Radio Lëtzebuerg ze schaffen, wou si 2008 Chefredaktesch ginn ass. 2010 ass si bei RTL Télé Lëtzebuerg gewiesselt.[2]

DeputéiertÄnneren

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 a bei deene vum 14. Oktober 2018 huet si op der Lëscht vun der LSAP am Zentrumsbezierk kandidéiert, gouf awer net an d'Chamber gewielt. Den 3. Dezember 2019 ass si fir de Marc Angel op de Krautmaart nogeréckelt (Den Angel ass sengersäits vun der Chamber an d'Europaparlament nogerëtscht, nodeems den Nicolas Schmit vun do fortgoung fir Europäesche Kommissär ze ginn).

StaatssekretätinÄnneren

De 4. Dezember 2013 gouf si Staatssekretärin fir Wirtschaft a fir d'Force publique an der Regierung Bettel-Schneider an ass dat bliwwe bis de 5. Dezember 2018[3]. Zanterhier ass si Responsabel fir den Nation Branding am Ausseministère.[4]

De 5. Mäerz 2022 gouf si, zesumme mam Dan Biancalana, op engem Parteikongress zu der Kopresidentin vun der LSAP gewielt.[5]

D'Francine Closener ass Wittfra[6] vum Jay Schiltz a Mamm vun zwee Kanner.[7],[8]

QuellenÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Presentatioun op lsap.lu
  2. rtl.lu: Serie: Déi 'nei' Memberen an der Regierung - Francine Closener. (Audio-Reportage; 10 Dezember 2013 - 08:40)
  3. Arrêté grand-ducal du 5 décembre 2018 accordant démission honorable à Madame Francine CLOSENER, Secrétaire d'État. op legilux.public.lu
  4. "3 Nominatiounen: Francine Closener, Jo Kox, Olaf Münichsdorfer." rtl.lu, 2018-12-19.
  5. "LSAP-Kongress: Dan Biancalana an d'Francine Closener an déi nei Duebelspëtzt gewielt." rtl.lu, 05.03.2022.
  6. "Jay Schiltz s'en est allé." wort.lu, 21 mai 2020.
  7. rtl.lu: 100,7: De Jean-Claude Franck ass neie Chefredakter. (20. Dezember 2013 - 09:24; fir d'lescht aktualiséiert: 20 Dezember 2013 - 10:40)
  8. revue.lu: Starke Frauen gegen Stagnation (11. Oktober 2013; gekuckt de 16. Januar 2014)