Sammy Wagner

lëtzebuergesche Politiker

De Sammy Wagner, gebuer den 31. Mäerz 1987, ass e lëtzebuergesche Physiksprofesser an LSAP-Politiker. Hien ass zanter dem 21. Oktober 2021 Buergermeeschter vun der Gemeng Stengefort.

Sammy Wagner
Sammy Wagner (2013)
Gebuer 31. Mäerz 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

Politesch Karriär änneren

Seng éischt politesch Schrëtt huet de Sammy Wagner am Jugendparlament gemaach, wou hien den 21. November 2009 zum éischte President gewielt gouf, eng Plaz déi e bis de 27. Oktober 2012 hat[1].

Vum 16. Mäerz 2013 bis den 28. Mäerz 2015 war hie President vun de Jonke Sozialisten (Jeunesses socialistes luxembourgeoises)[2].

Bei de Gemengewalen 2017 gouf hien eng éischt Kéier an de Stengeforter Gemengerot gewielt, wou e Schäffe gouf. No der Demissioun vum Guy Pettinger huet hien am Oktober 2021 d'Plaz vum Buergermeeschter an der Gemeng Stengefort iwwerholl[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Jugendparlament: Patrick Weymerskirch neie President 28.10.2012, 08:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.10.2012, 08:24 ofgeruff den 3. Dezember 2012
  2. Sammy Wagner à la tête des JSL 10.12.2013, 20:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.12.2013, 20:54 ofgeruff den 10. Dezember 2013
  3. Assermentation du nouveau bourgmestre et d'une nouvelle échevine de la commune de Steinfort. mint.gouvernement.lu (2021-10-21). Gekuckt de(n) 2021-10-22.