Robert Als
De Robert Als (Nicolas, Marie, Joseph), gebuer den 12. Februar 1897 zu Klengbetten, a gestuerwen de 14. Februar 1991 zu Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Jurist, Diplomat a Politiker.
Robert Als | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. Februar 1897 Klengbetten |
Gestuerwen |
14. Februar 1991 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Onofhängeg |
Famill | |
Kanner | Georges Als |
![]() |
Hie war de Papp vum Georges Als.
Biographie Änneren
- 1921-1922: President vun der Assoss
- Vum 23. Februar 1944 bis de 14. November 1945 war hien Inneminister (Epuratioun) an der Regierung vun der Befreiung.
- Vum 14. Dezember 1945 bis zu senger Demissioun de 25. Mäerz 1947 war hie Member vum Staatsrot.[1]
- 1947-1952: Lëtzebuerger Ambassadeur zu Bréissel
- 1955-1962: Lëtzebuerger Ambassadeur zu Paräis
- 1962 an 1964-1982 Chambellan um Groussherzoglechen Haff
- 1963-1969: Member vum Verwaltungsrot vun der Banque générale du Luxembourg
Publikatiounen (Auswiel) Änneren
- Rapports d'un diplomate 1950-1962, mat engem Virwuert vum Jean-Claude Juncker; Lëtzebuerg (Institut grand-ducal, Section des Sciences morales et politiques), 2003; 622 S.; ISBN 2-9599794-3-5
Literatur Änneren
- Als, Georges: Robert Als (1897-1991) au service de son pays: à la recherche du temps perdu, Luxembourg: Rapid Press, 2003. - 299 p.: ill.; 30 cm
Gielercher Änneren
- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne[2]
Um Spaweck Änneren
Commons: Robert Als – Biller, Videoen oder Audiodateien |