Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest

interkommunale Syndikat

De Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest, gekierzt SICONA-Sud-Ouest ass zanter 2018 e Gemengesyndikat fir Naturschutz a Landschaftsfleeg am Südweste vu Lëtzebuerg[1]. De Syndicat gouf ursprénglech 1989 ënnert dem Numm Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature, gekierzt SICONA-Ouest gegrënnt[2].

SICONA-Sud-Ouest
De Biodiversitéitszentrum vum Sicona-Sud-Ouest, dem Sicona-Centre an der biologescher Statioun zu Ollem.
Syndicat intercommunal pour la conservation de la nature du Sud-Ouest
Secteur Conservatioun, Landschaftsfleeg
Leedung Georges Liesch
Verwaltungssëtz Bartreng
Membergemengen Bartreng, Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Dippech, Garnech, Käerch, Käerjeng, Koplescht, Leideleng, Mamer, Monnerech, Péiteng, Reckeng op der Mess, Réiser, Rëmeleng, Schëffleng, Stroossen, Suessem, Keel, Kielen
Gegrënnt 3. Abrëll 1989
Websäit https://sicona.lu/

De SICONA-Sud-Ouest huet zesumme mam SICONA-Centre an der biologescher Statioun déi derzou gehéiert, zanter 2014 säi Sëtz an engem Gebai zu Ollem[3]; de Verwaltungssëtz ass de Statuten no an der Märei vu Bartreng[1].

Aktivitéiten änneren

  • Inventairen an Etüde fir Naturschutzprojeten;
  • Praktesch Naturschutzprojeten;
  • Projeten zesumme mat Privatpersounen aus der Regioun;
  • Opstelle vun Date fir d'Gemengeplanungen;
  • Organisatioun vun Aktivitéiten fir d'Bevëlkerung;
  • Intensiv Zesummenaarbecht mat de Baueren aus der Regioun;
  • Bedeelegung u nationale Programmen a Projeten.

Organisatioun änneren

De SICONA-Sud-Ouest besteet aus[4]:

  • engem Exekutivbüro, deen aus engem President, zwéi Vizepresidenten a véier Membere besteet;
  • engem Comité, deen aus 21 Membere besteet (ee Vertrieder pro Gemeng);
  • dem Personal: déi administrativ an technesch Servicer an d'biologesch Statioun SICONA.

Geschicht änneren

De SICONA-Ouest gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 3. Abrëll 1989 geschaaft[2]. En huet deemools aus 10 Gemengen aus dem Südweste vu Lëtzebuerg bestanen: Nidderkäerjeng, Bartreng, Kënzeg, Dippech, Koplescht, Leideleng, Mamer, Monnerech, Péiteng a Stroossen.

An de Joren duerno koumen nach aner Gemengen dobäi:

  • Beetebuerg a Kielen (1993)[5],
  • Garnech (1996)[6],
  • Reckeng op der Mess (1997)[7],
  • Suessem a Schëffleng (2001)[8],
  • Diddeleng, Keel a Rëmeleng (2001)[9],
  • Déifferdeng (2006)[10],
  • Réiser (2008)[11],
  • Käerch (2012)[12].

Duerch en Arrêté grand-ducal vum 10. Abrëll 2007 krut de Syndikat nei Statuten[13], déi 2008 nach eng Kéier geännert goufen[14], wéi d'Gemeng Réiser am Syndikat opgeholl gouf. Mat de Statute vun 2018 gouf dunn och den Numm vum Syndikat geännert[1].

Ugeschlosse Gemengen änneren

Stand: 2023[1],[15]

Um Spaweck änneren

Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Arrêté grand-ducal du 23 avril 2018 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat Intercommunal pour la Conservation de la Nature du Sud-Ouest, en abrégé « SICONA - Sud-Ouest ».. legilux.public.lu (23.04.2018). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  2. 2,0 2,1 Arrêté grand-ducal du 3 avril 1989 autorisant la création du syndicat intercommunal de l'ouest pour la conservation de la nature (SICONA Ouest) dans les communes de Bascharage, Bertrange, Clemency, Dippach, Kopstal, Leudelange, Mamer, Mondercange, Pétange et Strassen. legilux.public.lu (21.04.1989). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  3. c.g.f., 2014. Multifunktionelles Gebäude des Sicona in Olm eingeweiht. Regionales Biodiversitätszentrum krönt 25 Jahre kommunalen Naturschutz. Luxemburger Wort vum 28. Abrëll 2014, S. 30
  4. Über uns - Politik - SICONA Sud-Ouest. sicona.lu. Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  5. Arrêté grand-ducal vum 30. Abrëll 1993
  6. Arrêté grand-ducal du 15 mars 1996 autorisant l'admission de la commune de Garnich au syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature (SICONA Ouest) dans les communes de Bascharage, Bertrange, Clemency, Dippach, Kopstal, Leudelange, Mamer, Mondercange, Pétange et Strassen. legilux.public.lu (16.04.1996). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  7. Arrêté grand-ducal du 8 septembre 1997 autorisant l'admission de la commune de Reckange-sur-Mess au syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature (SICONA). legilux.public.lu (07.11.1997). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  8. Arrêté grand-ducal du 25 mai 2001 autorisant l'admission des communes de Sanem et Schifflange au syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature (SICONA). legilux.public.lu (12.07.2001). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  9. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 2001 autorisant l'admission des communes de Dudelange, Kayl et Rumelange au syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature, en abrégé «S I C O N A». legilux.public.lu (31.12.2001). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  10. Arrêté grand-ducal vum 31. Juli 2006
  11. Arrêté grand-ducal du 23 avril 2018 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat Intercommunal pour la Conservation de la Nature du Sud-Ouest, en abrégé « SICONA - Sud-Ouest ». legilux.public.lu (23.04.2018). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  12. Arrêté grand-ducal du 29 septembre 2012 autorisant l'adhésion de la commune de Koerich au syndicat intercommunal de l'Ouest pour la conservation de la nature, en abrégé «SICONA-Ouest». legilux.public.lu (16.10.2012). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  13. Arrêté grand-ducal du 10 avril 2007 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la Conservation de la Nature, en abrégé «SICONA-Ouest». legilux.public.lu (21.05.2007). Gekuckt de(n) 13.08.2020.
  14. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 2008 portant modification des statuts du Syndicat intercommunal de l'Ouest pour la Conservation de la Nature, en abrégé «SICONA-Ouest» et autorisant l'adhésion de la commune de Roeser au SICONA-Ouest. legilux.public.lu (09.12.2008). Gekuckt de(n) 15.08.2020.
  15. Interaktiv Kaart vun de Membergemengen op sicona.lu. Fir d'lescht gekuckt den 22.03.2023.