Schlass Saint-Hubert (Sandweiler)

fréiert Schlass an der Gemeng Sandweiler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schlass St-Hubert bei Sandweiler. Fir aner Schlässer mat deem Numm, kuckt wgl. Schlass Saint-Hubert.

Dat sougenannt Schlass Saint-Hubert war eng herrschaftlech Wunneng am Bireler Gronn. Et ass ëm d'Joer 1900 nieft enger Seeërei gebaut ginn. D'Schlass huet der Famill Saint-Hubert gehéiert déi an der Stad an der Schiggerisgaass eng Schiggerisfabréck bedriwwen huet.

Schlass Saint-Hubert
D'Schlass Saint-Hubert duergestallt op engem Schëld um Quellepad am Bireler Gronn
Land Lëtzebuerg
Gemeng Sandweiler
Plaz Bireler Gronn
Koordinaten 49° 37’ 34.10’’ N
      06° 13’ 01.90’’ O
Datum vum Bau 1900
Ofgerappt oder zerstéiert 1957
Proprietär Auguste de Saint-Hubert
Den zougefruerene Weier vum Schlass Saint-Hubert

1957 ass de Fluchhafe Lëtzebuerg vergréissert ginn, an d'Schlass ass ënner der Landepist vum Fluchhafe verschott ginn. Am Joer 1995 gouf och d'Haus vun de Kniechten, dat beim Schlass stoung, ofgerappt.

Haut ass et nach just deen am Bësch verstoppte Weier, deen un d'Schlass erënnert.