Sandweiler-Gare
Lieu-dit zu Lëtzebuerg
Sandweiler-Gare ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper, tëscht den Uertschafte Conter a Sandweiler.
Sandweiler-Gare | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Sandweiler-Gare de: Sandweiler-Gare |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Koordinaten |
49° 36’ 03’’ N 06° 12’ 21’’ O |
De Lieu-dit huet säin Numm vun der aler Eisebunnsgare déi do bestanen huet. D'Gare gëtt haut net méi ugefuer an d'Quaie goufen ewechgeholl.[1]
Bei der aler Gare war e gratis Park & Rail-Parking mat 28 Parkplazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Mä déi al Gare hat nëmmen eng Trap fir op déi aner Säit op de Quai ze kommen, a si war duerfir net méi behënnertegerecht.
Déi nei Gare läit ronn 520 Meter méi ëstlech.
Sandweiler-Gare gehéiert zur Par Sandweiler.
Déi al Gare haut änneren
An der aler Gare sinn d'Bureauen an de Studio vum Mister Science, dem Joseph Rodesch, deen d'Emissioune mam selwechten Numm op RTL Télé Lëtzebuerg animéiert.
Biller änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Sandweiler-Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Zweigleisiger Ausbau der Zugstrecke Luxemburg – Sandweiler-Contern op wort.lu vum 9. Mäerz 2015