Kanner- & Jugendkouer Allegro Sandweiler

De Kanner- & Jugendkouer Allegro Sandweiler ass als Deel vun der Chorale St. Cécile Sandweiler den 9. Mäerz 1973 gegrënnt ginn. Den 3. Mäerz 1975 ass en als Chorale Enfantine Sandweiler en eegene Veräi ginn. Den Numm ass spéider a Kannerkouer Allegro Sandweiler an duerno a Kanner- & Jugendkouer «Allegro» Sandweiler geännert ginn. De Léon Schaack, Schoulmeeschter zu Sandweiler, gouf den éischte President vum Allegro.

Am Allegro hunn alt bis zu 40 Kanner matgesongen. Den Allegro huet all Joer e puer Concerte gesongen, awer och alt déi eng oder déi aner Mass.

Dirigente vum Allegro änneren

  • Irène Meysembourg
  • Marie-Thérèse Berns-Merker
  • Jean-Marie Steffen
  • Abbé Jos. Weisgerber
  • Monique Sturm
  • Gast. Flener
  • Pierrette Oth-Wagener
  • Mimi Fischer
  • Tonja Mack

Presidente vum Allegro änneren

  • Léon Schaack
  • Paul Hansen
  • Alphonse Pansin
  • Romaine Meysembourg-Davito
  • Heng Guddendorf
  • Simone Fischer-Schartz
  • Bea Kneip

Den Allegro op Disque änneren

  • Lëtzebuerger Kannerkéier sange Lëtzebuerger Krëschtlidder (CD mat anere Kannerchéier zesummen, erausgi vun der UGDA) (1990)
  • Ons Kanner sange Lëtzebuerger Lidder (CD mat anere Kannerchéier zesummen, erausgi vun der UGDA) (1997)