Gemeng Hamm
fréier Gemeng zu Lëtzebuerg
D'Gemeng Hamm war eng Gemeng zu Lëtzebuerg, déi haut als Quartier Hamm zur Stad Lëtzebuerg gehéiert.
Gemeng Hamm | |
---|---|
Vue op Hamm, fotograféiert vum Paul Kutter. | |
An anere Sproochen |
fr: Hamm de: Hamm |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hamm (Stad Lëtzebuerg).
Geschicht
ännerenD'Gemeng Hamm ass den 1. Januar 1874 op Grond vum Gesetz vum 20. Dezember 1873 entstanen[1]. Se huet sech zesummegesat aus[2]:
- der Kadastersektioun Hamm mat den Uertschaften
- Hamm,
- Schläifmillen,
- Fetschebuer,
- Hammer Dällchen,
- Scheedgronn,
- Zens an
- Tawioun;
- an der Sektioun Polvermillen.
D'Gemeng Hamm huet den 1. Juni 1920 (Gesetz vum 26. Mäerz 1920), zesumme mat de Gemengen Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[3].
Buergermeeschteren
ännerenvun | bis | Buergermeeschter | Bemierkung |
---|---|---|---|
1844 | 1888 | Paul Godchaux | éischte Buergermeeschter vun der Gemeng Hamm, bis zu sengem Doud |
1888 | 1917 | Jules Godchaux | gebuer 1845, gestuerwen 1917; Koseng vum Paul Godchaux |
1917 | 1918 | Émile Godchaux | gebuer 1864, gestuerwen 1942; huet als Buergermeeschter demissionéiert, well hien an d'Chambre de Commerce komm ass |
1918 | 1920 | Pierre Kohner | gebuer 1858, gestuerwen 1927; Bauer vum Zens |
Literatur
änneren- Hubert Marx, Leben in Hamm einst und jetzt, ons stad, 28/1988
Kuckt och
änneren- Kierch vun Hamm
- Bemierkenswäert Beem um Scheedhaff:
Referenzen
änneren- ↑ Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-23.
- ↑ am Gesetz geet rieds vun: « La section de Hamm (comprenant le village de Hamm, Schleifmuhl, Fetschenbour, Haemmerstellgen, Scheidgrund, Scheidhof, Zens et Tavion et la section de Pulfermuhl »
- ↑ Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-23.