Raphaël Stacchiotti

lëtzebuergesche Schwëmmer

De Raphaël Stacchiotti, gebuer den 9. Mäerz 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schwëmmer.[1]

Raphaël Stacchiotti
Gebuer 9. Mäerz 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schwëmmer
Gréisst 182 Zentimeter

De Stacchiotti war mat 16 Joer bis elo de jéngste Lëtzebuerger Olympionik. Bei der Ouverture vun de Spiller zu Peking 2008 huet hien de Lëtzebuerger Fändel gedroen. An der Qualifikatioun iwwer 200m Fräistil vun de Männer, koum hie mat enger Zäit vun 1:52.01 op eng 49. Plaz am Generalklassement.[2]

Hie war och bei den Olympesche Spiller 2012 zu London, 2016 zu Rio an 2021 zu Tokyo derbäi. No der Olympiad vu Rio ass hien an d'Section sports d'élite de l'armée gaangen.

Mat alle 17 gewonnenen Distanze bei de Meeschterschaften am 25-Meter-Baseng uganks Dezember 2017 kënnt de Schwëmmer vum Swimming Club le Dauphin vun Ettelbréck op den aktuelle Rekord vu 70 nationalen Titelen.

Palmares änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Doropshi krut hien de 6. Juni de World Fair Play Movement award[3]
  • 2009: 1. Plaz op der Junior-Europameeschterschaft[4] zu Prag am 200m 4 Nages mat 2:02.56
  • 2010: 1. Plaz am 200 m 4 Nages an 2. Plaz am 400 m 4 Nages op der Junior-Europameeschterschaft.
  • 2011: 20. Plaz am 200 m 4 Nages an am 400 m 4 Nages op de Schwammweltmeeschterschaften zu Shanghai[5]

Lëtzebuergesch Rekorder (50 m Baseng) änneren

Distanz Zäit Plaz Opgestallt Verluer
100 m papillon 55,12 Reykjavik 03.06. 2015 --
100 m nage libre 50,76 Lëtzebuerg 29.01.2012 26.07. 2015[6]
200 m nage libre 01:49,61 Roum 27.07. 2009 --
200 m papillon 02:02,60 San Marino 30.05. 2017 --
200 m 4 nages 02:00,21 Rio de Janeiro 10.08. 2016 --
400 m nage libre 03:57,34 Roum 26.07. 2009 13.04 2016[7]
400 m 4 nages 04:17,20 London 27.07. 2012 --
800 m nage libre 08:20,91 Monterrey 10.07. 2008 --

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Raphaël Stacchiotti op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Raphël Stacchiotti op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. Shialou, Stacchiotti and Iceland Receive Awards
  4. 200 Ind. Medley - Boys F I N A L: 1. STACCHIOTTI Raphael 1992 LUX 2:02.56 Quell: www.prague2009.cz
  5. D'Resultater vum Raphaël Stacchiotti op Les-Sports.info
  6. Neie Rekordler gouf de Julien Henx 50,06
  7. Neie Rekordler gouf de Pit Brandenburger 03:56,20