Aloyse Raths
lëtzebuergesche Resistenzler an Auteur
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Aloyse Raths, gebuer de 5. Juni 1921 zu Biissen, a gestuerwen de 17. Dezember 2009, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler, Zwangsrekrutéierten an Auteur.[1]
Aloyse Raths | |
---|---|
Gebuer | 5. Juni 1921 |
Gestuerwen | 17. Dezember 2009 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Schoulmeeschter, Resistenzler |
Member vun | Letzeburger Legio'n, Letzeburger Vollekslegio'n, Conseil national de la Résistance |
Biographie
änneren- Den Aloyse Raths war vu Beruff Schoulmeeschter.
- 1940: Grënner vun der Lëtzebuerger Legio'n.
- 1941: Matgrënner vun der Letzeburger Vollekslegio'n.
- Nom Zweete Weltkrich Member vun der Ligue vun de politesche Prisonéier an Deportéierten L.P.P.D. (dem Zesummeschloss vun de Resistenzler nom Zweete Weltkrich) an Editeur vun hirem Organ, dem Rappel
- 1967-2004: President vum CNR, dem Conseil national de la résistance
- Auteur vu ville Bäiträg iwwer d'Resistenz zu Lëtzebuerg
Publikatiounen
änneren- Raths, Aloyse: Années néfastes pour le Grand-Duché 1940-1945 – Unheilvolle Jahre für Luxemburg; LPPD / Éditions du Rappel; Drock: Imprimerie centrale, Januar 2009.
- Eng ganz Partie vu senge Kontributiounen iwwer d'Resistenz goufen an der Zäitschreft Rappel publizéiert, deen den A.R. och editéiert huet.
Literatur
änneren- Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
- Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, Luxemburg, 1997
- Wehenkel, Henri: Der Kommissar und der Widerstand. Den Henri Wehenkel zerappt dem Raths seng Années néfastes pour le Grand-Duché 1940-1945; Lëtzebuerger Land vum 13. Februar 2009.